Luigi Carnera

italieeneschen Astronom

De Luigi Carnera, gebuer de 14. Abrëll 1875 zu Triest (haut Italien) a gestuerwen den 30. Juli 1962 zu Florenz, war en italieeneschen Astronom an Entdecker vu 16 Asteroiden (Klengplanéiten).

Luigi Carnera
Gebuer 14. Abrëll 1875
Triest
Gestuerwen 30. Juli 1962
Florenz
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Astronom, Mathematiker

An de fréie Jore vu senger Karriär war hien Assistent vum Max Wolf zu Heidelberg. Aus dëser Zäit datéieren d'Entdeckunge vun Asteroide bei deenen hien zum Deel mam Max Wolf zesummegeschafft huet. De Carnera huet an Däitschland, Italien an Argentinie geschafft, ier hien 1908 definitiv an Italien zeréckgoung.

De Carnera huet 1919 d'Leedung vum Triester Observatoire iwwerholl. Triest war just eréischt nom Éischte Weltkrich vun Italien annektéiert ginn. Spéider, am Joer 1932, gouf hien Direkter vum Capodimonte-Observatoire zu Neapel bis hien 1950 pensionéiert gouf.

Den Observatoire war wärend dem Zweete Weltkrich zäitweis vu britteschen an amerikaneschen Truppe besat, déi do eng Radar-Statioun installéiert haten.

Lëscht mat den entdeckten Asteroiden
(466) Tisiphone[1] 17. Januar 1901 (469) Argentina 20. Februar 1901
(470) Kilia 21. Abrëll 1901 (472) Roma 11. Juli 1901
(476) Hedwig 17. August 1901 (477) Italia 23. August 1901
(478) Tergeste 21. September 1901 (479) Caprera 12. November 1901
(480) Hansa[1] 21. Mee 1901 (481) Emita 12. Februar 1902
(485) Genua 7. Mee 1902 (486) Cremona 11. Mee 1902
(487) Venetia 9. Juli 1902 (488) Kreusa[1] 26. Juni 1902
(489) Comacina 2. September 1902 (808) Merxia 11. Oktober 1901

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren