De Ludovic Orban, gebuer de 25. Mee 1963 zu Brașov, ass a rumänesche Politiker (PNL. Hie war vum 4. November 2019 bis de 7. Dezember 2020 Premierminister a Rumänien.

Ludovic Orban
Gebuer 25. Mee 1963
Brașov
Nationalitéit Rumänien
Aktivitéit Politiker, Ingenieur

Hien huet bis 1988 op der Universitéit Brașov Maschinnnebau studéiert an dono als Ingenieur an 1991/92 als Redakter vun enger Dageszeitnug geschafft. Hien huet sech an der Partidul Liberal 1993 engagéiert, déi spéider mat aneren zu der PNL fusionéiert huet. 2002 gouf hie President vun der Bukarester PNL.

1999 gouf den Orban Staatssekretär. Vun 2004 bis 2007 war hien Delegéierte Buergermeeschter vu Bukarest. 2007 gouf e Verkéiersminister an der Regierung vum Premier Călin Popescu-Tăriceanu. 2008 gouf hien an d'rumänescht Parlament gewielt. 2017 gouf e President vun der PNL. Nodeems d'Koalitioun vun der Premierministesch Viorica Dăncilă auserneegebrach war, gouf den Orban de 15. Oktober 2019 vum Staatspresident Klaus Johannis chargéiert, eng nei Regierung opzesetzen. Se gouf de 4. November vum Parlament guttgeheescht.

De Ludovic Orban ass bestuet an huet ee Kand. Säi grousse Brudder Leonard Orban war Europaminister an EU-Kommissär an der Kommissioun Barroso I.

Um Spaweck änneren

Commons: Ludovic Orban – Biller, Videoen oder Audiodateien