Klaus Iohannis

rumänesche Politiker
(Virugeleet vu(n) Klaus Johannis)

De Klaus Werner Iohannis (op Däitsch Johannis geschriwwen), gebuer den 13. Juni 1959 zu Sibiu, ass e rumänesche Politiker an zanter dem 21. Dezember 2014 President vu Rumänien.

Klaus Iohannis
Gebuer 13. Juni 1959
Sibiu
Nationalitéit Rumänien
Aktivitéit Schoulmeeschter, Politiker, Schoulinspekter, Staatsmann, Schrëftsteller
Partei Onofhängeg

Hie kënnt aus der däitschsproocheger Minoritéit vu Rumänien a war vun 2000 bis 2014 Buergermeeschter vu senger Heemechtsstad Sibiu (Hermannstadt). Den 28. Juni 2014 gouf hie President vun der Nationalliberaler Partei (PNL) an huet fir d'Presidentschaftswale kandidéiert, déi en am zweeten Tour géint de Premierminister Victor Ponta gewonnen huet. Fënnef Joer drop gouf hien de 24. November 2019, am zweeten Tour, erëmgewielt.

Hien ass Physiker vu Formatioun an huet eng Zäitchen enseignéiert, ier e Schoulinspekter gouf.

Gielercher änneren

  •   Großes Silbernes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Publikatiounen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Klaus Iohannis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten