Patricia Kaas

franséisch Schauspillerin

D'Patricia Kaas, gebuer de 5. Dezember 1966 zu Forbach am Museldepartement, ass eng franséisch Sängerin.

Patricia Kaas
Patricia Kaas (2009) (cropped).jpg
Gebuer 5. Dezember 1966
Forbach
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Discographesche Kënschtler
Wikidata-logo-without-paddings.svg
D'Patricia Kaas (2009).

Si gehéiert zu deene franséischen, resp. franséischsproochege Sängerinne mat international deem gréisste Succès. Hir Musek ass eng Mëschung aus Popmusek an Jazz. Zanter datt hiren Debut-Album Mademoiselle chante… 1988 erauskomm ass, huet si iwwer 15 Millioune Placke verkaf. Aner Alben, déi Succès haten, sinn Scènes de vie, Dans ma chair oder Je te dis vous. Och hir Tournéeën haten, virun allem an den 1990er Joren, e gellege Succès.

Zu Lëtzebuerg ass si bei de Festlechkeete am Kader vun der d'Intronisatioun vum Groussherzog Henri, am Abrëll 2001, opgetgrueden. 2009 huet si Frankräich beim Eurovision Song Contest zu Moskau mam Lidd Et s'il fallait le faire vertrueden.

D'Patricia Kaas huet och an zwéi Filmer matgespillt: And Now ... Ladies & Gentlemen vum Claude Lelouch (2002) an Assassinée vum Thierry Binisti (2012).

DiscographieÄnneren

Studio-AlbumenÄnneren

Live-AlbumenÄnneren

  • 1991: Carnets de scène
  • 1994: Tour de charme
  • 1998: Rendez-vous
  • 2000: Patricia Kaas live
  • 2005: Toute la musique...
  • 2009: Kabaret sur scène
  • 2014: Kaas chante Piaf à l'Olympia

Live-DVDenÄnneren

  • 1991: Carnets de scène
  • 1994: Tour de charme
  • 1998: Rendez-vous
  • 2000: Ce sera nous
  • 2005: Toute la musique...
  • 2009: Kabaret
  • 2014: Kaas chante Piaf à l'Olympia

Aner CDenÄnneren

  • 1999: Christmas In Vienna Vol. VI
  • 2000: Long Box (4 premiers albums studio Sony)
  • 2001: Rien ne s'arrête (compilation)
  • 2009: 19 par Patricia Kaas (compilation)
  • 2011: Mademoiselle n'a pas chanté que le blues (compilation Canada)

Film iwwert siÄnneren

  • Patricia Kaas – mein Leben / ma vie. vum Horst Mühlenbeck. 52/45 min., Portrait am Kader vun der ZDF/arte-Serie „Mein Leben/ Ma vie", gebrueder beetz filmproduktion 2008.

LiteraturÄnneren

  • Bernard Pascuito: Patricia Kaas. Ombre et lumière. Lafont, Paris 1994, ISBN 2-84098-022-3.
  • François Bruneau: Patricia Kaas. La fille de l'est. Semic, Lyon 2000, ISBN 2-914082-06-1.
  • Patrica Kaas, Sophie Blandinières: L'Ombre de ma voix. Autobiographie. Éditions Flammarion, Paris 2011, ISBN 2-08-124932-4.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Patricia Kaas – Biller, Videoen oder Audiodateien