Paul Verlaine

franséischen Auteur

De Paul Verlaine, gebuer den 30. Mäerz 1844 zu Metz, a gestuerwen den 8. Januar 1896 zu Paräis, war e franséischen Auteur.

Paul Verlaine
Pseudonym Pauvre Lelian, Pablo de Herlagnèz
Gebuer 30. Mäerz 1844
Metz
Gestuerwen 8. Januar 1896
Paräis
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Condorcet
Aktivitéit Dichter, Essayist, Schrëftsteller, Librettist, Iwwersetzer
Famill
Liewenspartner(in) Arthur Rimbaud
Portrait vum Paul Verlaine gemoolt vum Gustave Courbet

De Paul Verlaine war nëmme kuerz Gemengebeamten zu Paräis wéi hie sech schonn dem Alkohol erginn huet. Dorun an u senger intimer Frëndschaft mam Arthur Rimbaud ass säi Bestietnes no kuerzer Zäit zerbrach. Déi Zwéi sinn duerch Nordfrankräich, d'Belsch an England gereest, bis 1873 de Paul Verlaine den Arthur Rimbaud an engem Sträit ugeschoss huet an dofir zwee Joer an de Prisong huet misse goen.

Am Prisong huet hien zum Katholizismus zeréckfonnt, ma huet sech, no senger Entloossung, trotzdeem net méi am biergerleche Liewen erëmfonnt.

Obwuel de Verlaine als Dichter unerkannt war, ass hien nees dem Soff verfall an ass no senge leschte Joren a Bistroen a Klinike verlooss a verkomm gestuerwen.

Als seng lescht Mus gëtt d'Lëtzebuergerin Barbara Theisen ugesinn.

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck

änneren
Commons: Paul Verlaine – Biller, Videoen oder Audiodateien