De Louis Klein gebuer de 14. Februar 1868 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen de 24. Abrëll 1943 war e lëtzebuergeschen Ingenieur, Verwaltungsdirekter, Arbedsbeamten a Moler.

Louis Klein
Gebuer 14. Februar 1868
Gestuerwen 24. Abrëll 1943
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
D'Diänjer Millen. Aquarell vum Louis Klein, 1933.

No senger Primärschoul huet de Louis Klein säi Sekundärstudium an der Industrieschoul zu Lëtzebuerg gemaach, fir duerno Agronomie um agronomeschen Institut vu Gembloux ze studéieren.

Seng éischt Plaz krut hien als Zeechner beim Büro Sutor, fir duerno 4 Joer als Chimist an der Zockerfabréck Wanze zu Huy ze schaffen. Duerno huet en dräi Joer laang e Modellhaff an der Provënz Antwerpen gefouert, fir dann Direkter vum Laboratoire vun der Zockerfabréck Cheik-Fadel an Egypten ze ginn.

1901 gouf hie vum Staatsminister Paul Eyschen op Lëtzebuerg geruff, fir dat Joer de 15. November, Direkter vun der Akerbauverwaltung ze ginn. Den 29. Mäerz 1904 gouf hien Ingenieur agricole genannt.

Zesumme mam Pierre Braun war de Klein tëscht 1904 an 1908 ee vun den Haaptleit déi sech Suergen ëm d'Drénkwaasserversuergung am Südweste vum Land gemaach hunn, an op deenen hir Pläng hin, schliisslech de Syndicat des eaux du Sud entstanen ass.

Hien huet och 1912 e Projet fir de Bau vun engem Barrage zu Esch-Sauer opgestallt.

Den 30. Oktober 1916 huet hie beim Staat seng Demissioun gi fir bei d'ARBED schaffen ze goen.