D'Diänjer Millen war eng Millen zu Diänjen a stoung op der Kirelbaach, e puer honnert Meter südlech vum haitege Miller Haff.

D'Diänjer Millen. Aquarell vum Louis Klein, 1933.

D'Diänjer Mille war en Deel vum sougenannte Milleschgutt, zu deem och de Miller Haff gehéiert huet. D'Mille gouf als eng vun deene romanteschsten aus dem Land bezeechent.

Wéi de Jong vum Pierre Miller, Mëller an der aachter Generatioun um Milleschgutt, de Mëllerberuff opginn huet, gouf d'Mille nach eng Zäit laang vun ambulante Mëllere benotzt. 1938 ass d'Produktioun vu Miel agestallt ginn. Nom leschte Krich gouf nach bis 1949 Fudder fir d'Béischte gemuel. Duerno goufen d'Gebaier verlooss, 1953 gesprengt an ofgedroen, soudatt haut kee Stee méi vun der Millen iwwereg bleift. Op der topographescher Kaart ass d'Plaz mat Diengermillen markéiert.

De fréieren Haff Miller besteet bis haut.

Quellen änneren

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (D'Geschicht vun der Diänjer Mille gëtt heira kuerz op der Säit 130, am Kapitel iwwer d'Diänjer Lanne beschriwwen; hei fënnt een och d'Bild vum Louis Klein).

Kuckt och änneren