Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Quebracho (Schinopsis lorentzii) ass e Bam aus dem subtropesche Südamerika. E gëtt och nach roude Quebracho oder Quebracho colorado genannt, fir e vun anere Quebrachobeem mat haardem Holz z'ënnerscheeden.

Schinopsis lorentzii
Roude Quebracho
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Uerdnung Sapindales
Famill Anacardiaceae
Ënnerfamill Coryloideae
Gattung Schinopsis
Wëssenschaftlechen Numm
Schinopsis lorentzii
Engl.

De Quebracho, deen zu der Famill vun den Anacardiaceae gehéiert, wiisst am Gran Chaco an Argentinien, am Paraguay an a Bolivien.

De Quabracho ass ekonomesch wäertvoll wéinst sengem haarden a resistenten Holz an och wéinst dem héijen Tanningehalt (iwwer 30%) vu senger Schuel. 1895 gouf op Initiative vu Lëtzebuerg (deemools am Däitschen Zollveräin) e "Gerbstoffzoll" agefouert, fir sou déi lëtzebuergesch Louschläisserte virun der Konkurrenz vum Quebraco aus Argentinien ze schützen.[1]

Den Numm kënnt mat grousser Warscheinlechkeet aus dem spuenesche quiebrahacha, Axtebriecher, well säin Holz sou haart ass.

Extrakte vun senger Schuel ginn och an der Medezin ugewannt, haaptsächlech fir Asthmamedikamenter.

Um Spaweck änneren

Commons: Anacardiaceae – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort vum 1. Februar 1895 Rapport vum Deputéierten C.H. Buffet