Little Big One

lëtzebuergesche Film

Little Big One ass a lëtzebuergeschen Documentaire vum Pascal Becker iwwer d’Geschicht vum Groussherzogtum Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert.

Little Big One
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 1999
Dauer 52 min.
Faarf Faarweg
Ekipp
Regie Pascal Becker
Dréibuch Pascal Becker
Produzent Viviane Thill
Produktiouns-
gesellschaft
CNA
Schauspiller
Claude Frisoni (Erzieler)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Film aus dem Joer 1999 besteet nëmmen aus Amateursopnamen aus den Archiver vum Centre national de l'audiovisuel (CNA).

Filmproduktioun änneren

De Centre national de l'audiovisuel (CNA) hat Mëtt der 1990er en allgemengen Opruff gemaach an d’Leit gefrot, hir privat Filmopnamen anzereechen. Déi Opnamen, am Ganzen iwwer 5.000 Stonne Film, goufen a verschiddenen Dokumentarfilmer verschafft, dorënner an Histoire(s) de jeunesse(s), Ech war am Congo, an am Pascal Becker sengem Little Big One.

De Film gëtt et op Lëtzebuergesch an op Franséisch. En ass am Dezember 2000 an der Rei Films Made in Luxembourg op VHS-Kassett fir de Präis vu 750 Frang op de Maart komm.[1],[2]

Wat sot d'Press? änneren

[D]e Pascal Becker huet een intelligenten Documentaire fäerdeg bruecht, deem et geléngt, mat enger gewësser Liichtegkeet, fir déi dach beweegte Geschicht vun engem klenge Land a senge Leit z'erzielen, tëscht zwee Kricher, wirtschaftleche Krisen an erëm Opschwong, an dem rapide Fortschrëtt vun der Technik. [...] Well hien de Film ganz iwwer de Lëtzebuerger hir Liewensweis wollt maachen, hir Privatliewen, hir Aarbechtskonditiounen, hire Congé an hire Confort, huet de Pascal Becker erstaunlecherweis d'Politiker komplett ignoréiert. Fir hie gëtt et just nëmmen d'Vollek op der enger Säit an den Haff op där anerer, d'Regierunge sinn emol lénks, meeschtens awer riets, d'Vollek geet op d'Strooss oder decidéiert (zweemol) iwwer Referendum, wéi et soll weider goen. Mä et ass, wéi wann et keng Politiker géing ginn. [...] Eigentlech Schued, dee Fatalismus, mat deem d'Welt esou interpretéiert gëtt, och wann een de Choix ka verstoen. Dat hëlt dem Film eng Dimensioun, mécht en dann awer op engem aneren Niveau vläicht méi verständlech.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Reklamm fir d’Kassett am Lëtzebuerger Land
  2. land.lu: Docu-fictions bien de chez nous vum Josée Hansen (14. Dezember 2000)
  3. "An de Wuelstand, deen dréckt och op d'Libido" vum Josée Hansen, am Lëtzebuerger Land, Nr. 53, Säit 13, 31. Dezember 1999