Provënz Limburg (Holland)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der hollännescher Provënz Limburg. Fir aner Bedeitunge vu "Limburg", kuckt wgl. Limburg. |
D'Provënz Limburg (limburg.: Lèmburg, Limburg) ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen a läit am Südoste vum Land.
![]() | |
---|---|
![]() |
![]() |
Basisdaten | |
Land | Holland |
Haaptstad | Maastricht |
Fläch | 2153 km² |
Awunner | 1 116 137 (1. Januar 2019) |
Reliounen | Kathoulesch: 80 % Protestantesch: 3 % |
ISO 3166-2 | NL - LI |
Websäit | http://www.limburg.nl/ |
Lag | |
![]() |
Si ass dat, wat vun der Provënz Limburg op der hollännescher Säit Rescht ass, déi 1815 zesumme mat den aneren 16 Provënze vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlande gegrënnt gouf, a vun där dann 1839, duerch den Traité vu London, en Deel der Belsch zougeschloe gouf.
D'Haaptstad ass Maastricht.
D'Provënz Limburg grenzt am Osten un Däitschland, am Süden un déi belsch Provënzen Limburg a Léck, am Westen an Nordwesten un d'Provënz Nordbrabant, an am Norden un d'Provënz Gelderland.
Sproochen änneren
Nieft der offizieller Amtssprooch Hollännesch gëtt an der Provënz Limburg nach Limburgesch geschwat, eng nidderfränkesch Sprooch déi zanter 1997 vun der hollännescher Regierung als Regionalsprooch vu Limburg unerkannt ass. Uechter d'Provënz gi verschidden Dialekter geschwat. Ausserdeem gëtt zu Kerkrade Kerkraads geschwat, eng Dialektvariant vum Ripuareschen.
Gemengen änneren
Zanter 2019 ass d'Provënz a follgend 31 Gemengen opgedeelt
- Beek
- Beekdaelen
- Beesel
- Bergen
- Brunssum
- Echt-Susteren
- Eijsden-Margraten
- Gennep
- Gulpen-Wittem
- Heerlen
- Horst aan de Maas
- Kerkrade
- Landgraaf
- Leudal
- Maasgouw
- Maastricht
- Meerssen
- Mook en Middelaar
- Nederweert
- Peel en Maas
- Roerdalen
- Roermond
- Simpelveld
- Sittard-Geleen
- Stein
- Vaals
- Valkenburg aan de Geul
- Venlo
- Venray
- Voerendaal
- Weert
Flëss an der Provënz mat hiren hollänneschen Nimm änneren
Kuckt och änneren
- Limburg fir déi verschidde Bedeitunge vun deem Numm
- Provënz Limburg
- Provënz Limburg (Belsch)
Um Spaweck änneren
Commons: Limburg (Netherlands) – Biller, Videoen oder Audiodateien |