Drüs
An der Anatomie ass eng Drüs (lat.: glandula) en Organ oder eng Zell am Kierper vum Déier, dat eng chemesch Substanz produzéiert an entweder an de Bluttkreeslaf oder an eng Hiel vum Kierper oder un der baussenzeger Uewerfläch ofgëtt.
Drüse spillen eng entscheedend Rolle beim Oprechterhalen an der Reguléierung vu ville liewenswichtege Prozesser am Kierper.[1]
Et ginn zwou Aarten Drüsen, déi jeeweils eng aner Aart vun der Sekretioun opweisen. Endokrinn Drüsen hu keng Kanäl, iwwer déi se hire Produit kënnen ausschëdden; si ginn hir Produkter (d'Hormoner) direkt an d'Tëscheraim of, wou si an de Bluttkreeslaf opgeholl ginn. Wichteg endokrinn Drüsen am mënschleche Kierper sinn zum Beispill d'Schilddrüse an d'Nieweschilddrüsen. Exokrinn Drüsen schëdden hir Produkter iwwer e Kanal an eng Kierperhiel oder op déi baussenzeg Uewerfläch. Beispiller heifir sinn d'Schweesdrüsen an der Haut, d'Speicheldrüsen am Verdauungstrakt, d'Bronchialdrüsen an den Otemweeër, d'Tréinendrüsen an d'Prostatt.[2]
Kuckt och
ännerenCommons: Drüsen – Biller, Videoen oder Audiodateien |