Réisseng ass eng vun den Uertschaften am Lëtzebuerger Land déi vun der Landkaart verschwonnen ass, an un déi haut nach just de Flouernumm Réissenger Klaus erënnert.

Et ass bekannt datt et 1339 4 Kierchen op der Mess gouf, an zwar zu Betteng, Reckeng, Réisseng an Éileng.

Tëscht 1640 a 1650 an der Zäit vun der Pescht blouwen an deem Streech nëmme méi 7 Haiser Rescht, Réisseng war ganz ausgestuerwen.

Koordinate vun der Réissenger Klaus: 49° 34’ 22’’ N 06° 00’ 28’’ O