Korallen

Koloniebildend Nesseldéieren

Korallen (vum gr. korállion) si sessil (d. h. fest ugewuessen) Nesseldéieren, déi a Kolonien am Mier liewen. Déi verschidde Gruppe vu Koralle si weider net matenee Famill a bilden eegen Taxa vun den Nesseldéieren. Déi bekanntste sinn d'Steekorallen, déi e groussen Deel mat fir d'Bildung vun de Koralleriffer responsabel sinn. Eng aner bedeitend Grupp mat villen Aarte sinn d'Oktokorallen.

Korallen
Verschidde Korallekoloniën

Verschidde Korallekoloniën
Verschidde Korallekoloniën
Systematik
Räich: Déiereräich
Ënnerräich: Metazoa
Stamm: Nesseldéieren (Cnidaria)
Klass: Blummendéieren (Anthozoa)
Wëssenschaftlechen Numm
Sammelnumm
Verschiddden Acroporen (Gattung Steeekorallen)
Feierkorall

Koralle liewen nëmmen am Mier, besonnesch an den Tropen. Et gëtt allgemeng tëscht Steekoramllen a mëlle Korallen ënnerscheet, woubäi d'Steekorallen duerch Kallek-Depote Skeletter bilden, duerch déi Korallebänken oder e Koralleriff entstinn. Koralleskeletter bestinn haaptsächlech aus Aragonit, deen d'Korallendéieren aus hirer Foussscheif oder hirem Ektoderm ofsonneren, fir d'Kolonie ze stâipen. D'Eenzelskeletter sinn an der Reegel planzenaarteg verzweigt an hunn, un hire Spëtze faarweg Polypen.

Vill Korallen erniere sech doduerch, datt se de Mikroplankton, Nierstoffer a Spuerenelementer aus dem Mierwaasser erausfilteren. Verschiddener, déi méi no un Waasseruewerfläch sinn, liewe mat Endosymbionten zesummen, d. h. eenzelleg Algen (Zooxanthellen), déi an de Polypenzellen agelagert sinn, an déi mat hirem Photosynthes-Stoffwiessel an der Korall hiren Ernierungssystem integréiert sinn.

Koralle gëtt et zanter iwwer 400 Millioune Joer.

Nieft de Steekorllen an den Trope gëtt et och Korallen, déi am kale Waasser oder déif am Mier liewen. Dës hu keng Zooxanthellen an erniere sech nëmmen duerch d'Filtréierung vum Plankton.

D'Algen, déi mat de Koralle liewen, si ganz kriddelech, wat d'Temperatur vum Mier betrëfft. Wann dat ze waarm gëtt, bilden d'Alge Gëftstoffer. Si ginn da vun de Korallen ofgestouss a stierwen direkt of. Rescht bleift dann nëmme de Mantel aus Kallek. Geschitt dat ze vill an ze laang, stierwen och d'Koralle selwer of. D'Versaierung vun de Mierer, duerch d'Ophuele vu méi grousse Quantitéite vun den anthropogenen Emissioune vun Kuelendioxid, bewierkt sengersäits, datt d'Koralle méi schwéier nei Kallekschuele bilde kënnen.

Et gëtt doruechter Nationalparken an de Mierer, déi ausgeruff goufen, fir der Zerstéierung vun de Koralleriffer entgéintzewierken. Dee gréissten a bekanntsten ass de Great Barrier Reef, deen och zu den UNESCO Weltierwen zielt. Dacks ginn och kënschtlech Riffer ugeluecht (z. B. Schëffswracken, déi ënnergoe gelooss ginn) fir et de Koralle méi einfach ze maachen, nees 'unzekommen'.

Liederkorall vun der Gattung Lobophytum mat expandéierte Polypen

Um Spaweck änneren

Commons: Korallen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Anthozoa – Biller, Videoen oder Audiodateien