De Larry Collins, gebuer de 14. September 1929 zu Hartford am Connecticut, a gestuerwen den 20. Juni 2005 am Alter vu 75 Joer zu Fréjus a Frankräich, war en US-amerikanesche Journalist a Schrëftsteller.

Larry Collins
Gebuer 14. September 1929
West Hartford
Gestuerwen 20. Juni 2005
Fréjus
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit USA
Educatioun Yale Universitéit
Aktivitéit Krichskorrespondent, Historiker, Journalist, Schrëftsteller, Science-Fiction-Schrëftsteller

De Collins huet bis 1951 zu Yale studéiert. Duerno wollt hie Journalismus maachen. En huet fir United Press Interenational (UPI) 1956 zu Paräis, 1957 zu Roum, dunn zu Kairo an 1958 zu Beyrouth, ier hien 1959 Chef de service fir de Mëttleren Orient an 1961 Chef de bureau vun der Paräisser Agence vum US-amerikanesche Noriichtemagazin Newsweek gouf.

Seng Arméizäit huet en zu Paräis am SHAPE geschafft. Déi Zäit huet en den Dominique Lapierre kennegeléiert, mat deem hien e puer Bicher geschriwwen huet.

Dat éischt Buch vun deenen zwéi war 1964 Paris brûle-t-il?, e Buch wat e ganz grousse Succès hat, an 1966 vum René Clément verfilmt an d'Kinoe koum mat enger Onmass bekannte Filmschauspiller, wéi de Kirk Douglas, Gert Fröbe, Alain Delon, Michel Piccoli, Jean-Paul Belmondo a sou weider.

Bibliographie änneren

mam Dominique Lapierre änneren

eleng änneren