Lann um Briddel
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
Déi bemierkenswäert Lann um Briddel ass eng Summerlann (Tilia platyphyllos, tilleul à larges feuilles, Sommerlinde), déi um Briddel an der Gemeng Koplescht, an der Gafel vun der Paul Binsfeld-Strooss an der rue du tilleul steet. Si gehéiert wéinst hirem Alter, hirer imposanter Form, an der Plaz wou se steet (matzen an engem Wunnquartier) zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Lann um Briddel | |
---|---|
Déi bemierkenswäert Lann am September 2011 | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Koplescht |
Plaz | Briddel |
Adress | Rue Paul Binsfeld / Rue rue du Tilleul |
Koordinaten | 49°39'39,510"N, 6°4'56,791"O |
Bamaart | Summerlann |
Geschaten Alter | 200 a |
Héicht | 26 m (2000) |
Duerchmiesser | 1,25 m (2000) |
Ëmfang | 3,90 m (2000) |
De Bam huet eng bal perfekt Pyramideform, wat drop zeréckzeféieren ass, datt de Stamm sech vun der Basis un, riicht erop bis an d'Spëtzt verlängert.
Den Alter vun der Lann gëtt op méi wéi 200 Joer geschat[1]. Nieft dem Bam steet e Weekräiz vun 1817. D'Lann soll bei der Geleeënheet vum Ofdanke vum Napoleon I. geplanzt gi sinn[2].
Entwécklung vum Bam
ännerenJoer | [3] | ||
---|---|---|---|
1980 | 3,86 | 1,23 | 22,00 |
≈2000 | 3,90 | 1,25 | 26,00 |
Quellen
änneren- Pailhès, M., S. Thomé, D. Murat & E. Jablonski (texte), C. Bosseler & M. Feldtrauer-Molitor (photos), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Éditeurs : Administration de la nature et des forêts & natur&ëmwelt. Imprimerie Centrale, 252 p. ISBN 978-2-9199474-3-0 (Cf. S. 98-99: Le pin et le tilleul à Bridel, kuerzen Text a Foto).
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 120-121, Text a Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 88-89, Foto an Text).
Fotoalbum
änneren-
D'Lann Enn September 2011.
-
D'Stroossegafel am Wanter.
-
Am Wanter 2024
-
D'Lann vun ënnen erop aus der Paul Binsfeld-Strooss gesinn.
-
D'Weekräiz vun 1817.
-
Detail vum Weekräiz.
Kuckt och
änneren- Zwéin aner bemierkenswäert Beem um Briddel:
- Affection, eng monumental Skulptur vum Lucien Wercollier um Square Marcel Goedert
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
ännerenCommons: Lann um Briddel – Biller, Videoen oder Audiodateien |