Eech um Briddel
bemierkenswäerte Bam zu Lëtzebuerg
Déi bemierkenswäert Eech um Briddel ass eng Wantereech (Quercus petraea), déi um Briddel an der Gemeng Koplescht, virum Haus Nr. 29 an der rue Nic Goedert steet, bei der Plaz déi no hir genannt ass (place du gros chêne). D'Eech, där hiren Alter net dokumentéiert ass, gehéiert wéinst hirer imposanter Statur an der Plaz wou se steet, zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Eech um Briddel | |
---|---|
D'Eech am Oktober 2008 | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Koplescht |
Plaz | Briddel |
Adress | rue Nic Goedert |
Koordinaten | 49°39'22"N, 6°4'44"O |
Bamaart | Wantereech |
Héicht | 24 m (2000) |
Duerchmiesser | 4,01 m (2000) |
Ëmfang | 1,28 m (2000) |
D'Eech steet zirka 1 m méi déif wéi d'Strooss an den Trottoir. Si gouf 1981 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem gesat.
Entwécklung vum Bam
ännerenJoer | [1] | ||
---|---|---|---|
1980 | 3,51 | 1,12 | |
≈2000 | 4,01 | 1,28 | 24,00 |
Quellen
änneren- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Imprimerie centrale S.A. (Cf. d'Lëscht S. 237, keen Text a keng Foto vun der Eech an dësem Buch).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. d'Lëscht S. 47; keng Foto a keen Text fir dëse Bam heiran).
Biller
änneren-
Am Wanter 2024
Kuckt och
änneren- Zwéin aner bemierkenswäert Beem um Briddel:
- d'Kifer an der rue Lucien Wercollier
- d'Lann an der rue du tilleul
- Déi dräi déckst Eechen zu Lëtzebuerg:
- Eech zu Heeschbreg
- Eech um Bicherhaff (Gemeng Stadbriedemes)
- Eech zu Sëll
Um Spaweck
ännerenCommons: Eech um Briddel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ op Broschthéicht gemooss