Als Waasserfläch bezeechent een all Zorte vu Waasserusammlungen, déi eng gréisser relativ onbeweegte Waasseruewerfläch hunn. Dozou zielen ënner anerem Séien, Mierer oder Flëss. Si sinn duerch héich Verdonstungsquotienter an e luest Opwiermungs- an Ofkillungsverhale gezeechent, wat zum Ausgläich vun atmosphäreschen Temperaturvariatioune féiert an e maritime Klima bestëmmt, wann d'Waasserfläch grouss genuch ass.