La journée des orphelins

La journée des orphelins ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm an Documentaire vum Evy Friedrich aus dem Joer 1931. An der däitschsproocheger Lëtzebuerger Press gouf en och nach Luxemburger Waisenkinderfilm genannt.[1][2]

La journée des orphelins
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 23. Juli 1931
Originalsprooch keng (ouni Toun)
Ekipp
Regie Evy Friedrich
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

E weist Biller iwwer Weesekanner zu Lëtzebuerg.

De Film hat seng Première den 23. Juli 1931 am Ciné l'Écran an der Stad Lëtzebuerg. Op d'Première huet de Comité vun der Oeuvre des orphelins luxembourgeois agelueden, vun där den deemolege Prënz Jean vu Lëtzebuerg den "Haut-Protecteur" war, an deem seng Presenz fir d'Evenement och an der Press annoncéiert gouf. Et ass awer net kloer, op hie bei der Première derbäi war. D'Recette vum Film ass un d'Oeuvre des orphelins gaangen.[3]

De Centre national de l'audiovisuel (CNA) huet de Film 1998 nei zesummegeschnidden a vertount, gläichzäiteg mat dem Pierre Bertogne sengem D'Weesekanner op der Schueberfouer (1936). Déi restauréiert Versioun gouf dunn op der Televisioun am Kader vun der Emissioun Films Made in Luxembourg - Biller aus Lëtzebuerg gewisen.[4]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Waisenkinderfilm, Escher Tageblatt, Donneschdeg, 23. Juli 1931, Säit 6
  2. Luxemburger Waisenkinderfilm, Luxemburger Wort, Donneschdeg, 21. Juli 1931, Säit 4
  3. Film luxembourgeois des Orphelins, L'Indépendance luxembourgeoise, Dënschdeg, 21. Juli 1931, Säit 3-4
  4. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 187