La Gomera ass eng vun de siwen Haaptinsele vun de Kanaren a Spuenien. Et ass déi zweetklengst, no El Hierro.

Lag vu La Gomera

La Gomera läit am Atlantik a gehéiert zu der Provënz Santa Cruz de Tenerife an d'Haaptstad ass San Sebastián de la Gomera.

Geographie änneren

La Gomera huet eng Fläch vun 378 km² a läit tëscht La Palma, El Hierro an Teneriffa. D'Form ass bal ronn an hiren Duerchmiesser vun der westlecher Spëtz (Punta de la Calera) bis un déi ëstlech Spëtz (Punto de San Cristóbal) huet zirka 25 km. Zwëscht dem nërdlechste Punkt (Punta de los Órganos) an der Südspëtz (Punta del Becerro) leien 22 km.

Den héchste Punkt op der Insel ass de Bierg Pico Alto de Garajonay, deen 1.487 m héich ass.

D'Längt vun der Küst huet 90 km.

Andeelung änneren

D'Gemenge vu La Gomera sinn:

Geschicht änneren

La Gomera gouf schonn an de Joren 90 bis 168 vu klasseschen Auteure wéi dem Ptolomäus ernimmt.

Am 12. Joerhonnert gouf d'Insel vun enger Expedition besicht déi vum Alfonso de Benigono vun Aragón geschéckt gouf.

1404 gouf La Gomera bei engem kastilesche Feldzuch eruewert a vu 1445 un vu verschiddene Generatioune vun enger Famill regéiert, wouvun deen éischten den Hernán Peraza war.

Fauna a Flora änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kultur a Kuckeswäertes änneren

De Garajonay-Nationalpark steet op der UNESCO-Lëscht vum Weltnaturierwen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: La Gomera – Biller, Videoen oder Audiodateien