E Frequenzband bezeechent Frequenzberäicher, also Deelberäicher vum elektromagnéitesche Spektrum vun deene fir d'technesch Kommunikatioun benotzten elektromagnéitesche Wellen.

Opdeelungen no Frequenz, Wellelängt oder Benotzer sinn aktuell. International si verschidde Bezeechnunge vun de Frequenzbänner a Gebrauch, deenen hir Grenzen dacks eegemächteg nom aktuelle Erkenntnesstand an der Héichfrequenzphysik festgeluecht goufen. An enger neier Standardiséierung vum IEEE ginn d'Frequenzbänner systematesch no den ënnerschiddlechen Eegenschafte vun de Frequenze mat logarithmesch usteigender Bandgréisst agedeelt. Deelweis ginn awer an der Literatur nach traditionell Frequenzbandbezeechnunge benotzt, déi an den nofollgenden Tabelle spezifizéiert sinn.

Radiofrequenzen änneren

Iwwersiicht änneren

 
Frequenzbänner no Wellelängt
engl. Ofk. englesch Bezeechnung dt. Ofk. lëtzebuergesch
Bezeechnung
Frequenzberäich Wellelängt technesche Gebrauch
ELF Extremely Low Frequency NF Nidderfrequenz 3–30 Hz 100–10 Mm Schumann-Resonanz
SLF Super Low Frequency NF Nidderfrequenz 30–300 Hz 10–1 Mm Stroumnetz, (fréier) U-Boot-Kommunikatioun bis 300 m Déift
ULF Ultra Low Frequency NF Nidderfrequenz 0,3–3 kHz 1000–100 km
VLF Very Low Frequency SLW Nidderfrequenz, Längswell, Myriameterwell 3–30 kHz 100–10 km U-Boot-Kommunikatioun bis 30 m Déift, Pulsaueren
LF Low Frequency LW Laangwell, Kilometerwell 30–300 kHz 10–1 km Laangwelleradio, Zäitzeechesender/Funkaueren, terrestresch Navigatioun, Amateurfunkdéngscht
MF Medium Frequency MW Mëttelwell, Hektometerwell 0,3–3 MHz 1000–100 m Mëttelwelleradio, deelweis Kuerzwelleradio, teelweis Grenzwelle, militäresche Fluchfunk (deelweis), Lawinenverschëttetensichinstrumente, Amateurfunkdéngscht
HF High Frequency KW Kuerzwell, Dekameterwell 3–30 MHz 100–10 m deelweis Kuerzwelleradio, deelweis Grenzwell, Amateurfunkdéngscht, RFID
VHF Very High Frequency UKW Ultrakuerzwell, Meterwell 30–300 MHz 10–1 m Funknavigatioun, Fluchfunk, UKW-Radio, DAB+, Televisioun, Radar, BOS-Funk, Amateurfunkdéngscht
UHF Ultra High Frequency µW UHF-Frequenzband, Dezimeterwell 0,3–3 GHz 10–1 dm Mikrowellenuewen, WLAN, Bluetooth, DVB-T, DAB+    Haaptartikel zu dësem Theema: Dezimeterwell 
SHF Super High Frequency   Zentimeterwell 3–30 GHz 10–1 cm Radar, Richtfunk, Satellitteradio, WLAN, RTLS, Short Range Devices, Amateurfunkdéngscht, Elektronenspinresonanz-Spektroskopie (EPR)
EHF Extremely High Frequency   Millimeterwell 30–300 GHz 10–1 mm Radar, Richtfunk, Amateurfunkdéngscht, Wireless Gigabit
Grenz vum geméiss „Frequenzberäichszouweisungsplang“ vun der Internationaler Fernmeldeunioun (VO Funk[1]) reguléierte Spektrum.
    IR Infraroutstralung 0,3–385 THz 0,78–1000 µm Temperaturmiessung, Amateurfunkdéngscht
FIR Far Infrared FIR Wäit Infrarout / Terahertzstralung 0,3–20 THz 15–1000 µm Sécherheetstechnik, Materialpréiwung
LWIR/TIR Long Wavelength Infrared/
Thermal Infrared
  laangwellegt Infrarout/
thermescht Infrarout
20–37,5 THz 8–15 µm
MWIR Mid Wavelength Infrared     37,5–100 THz 3–8 µm
SWIR Short Wavelength Infrared   Kuerzwellegt Infrarout 100–214 THz 1,4–3 µm
NIR Near Infrared   Not Infrarout 100–385 THz 0,78–3,0 µm Liichtbarrièren, Fernbedéigunge, Liichtwelleleeder, IrDA
VIS Visible Light   siichtbart Liicht 385–750 THz 400–780 nm Beliichtung, Liichtwelleleeder

Bemierkungen:

  • Elektresch Leitungen, déi mat nidderfrequenten technesche Wiesselstréim gefiddert ginn, si wéinst hirer am Verglach zu der Wellelängt (en ettlech 1000 km!) klenger Längt ganz schlecht Straler. Allerdéngs kritt ee mat héije Wécklungszuelen a ganz massiver magnéitescher Kopplung (mëllen Eisen- oder Ferrit-Kär) e gudden Energietransfert Transformater.
  • Den Iwwergank vun Hertz-Wellen (Wellelängten tëscht 10 km an 1 cm) op d'Infraroutstralung gëtt ë. a. vun der Detektiounsaart bestëmmt. Hertz-Welle gi vun Antennen detektéiert, déi eng Héichfrequenz liwweren. Infrarout (a méi héich Frequenzen) gi wéinst hirer Wäermwierkung resp. duerch Ioniséierung vu Moleküllen an Atomen detektéiert.

Radio änneren

Fir d'Radiofrequenzberäicher vun iwwer 30 MHz ginn normalerweis Kuerzbezeechnunge benotzt. Déi Radiobänner gi mat réimeschen Zuele vun I bis V bezeechent. D'Bandgrenze sinn a verschiddene Quellen an internationalen Ofkommessen definéiert. Historesch bedéngt wäichen déi Frequenzdaten zum Deel vuneneen of. Ob de jeeweilege Frequenzberäich fir de Radio iwwerhaapt benotzbar ass an och tatsächlech benotzt gëtt, ass vu Land zu Land verschidden.

Terrestresch Radiobänner an hir Bezeechnunge bei der ITU an CEPT änneren

Terrestresch Radiobänner (Frequenzdaten a MHz)
Band I Band II Band III Band IV Band V 1,5-GHz-Band
(„L-Band“)
Quell
41–68 87,5–100 162–230 470–582 582–960 ST61[2] Foussnotiz zu Annex 1
47–68 87,5–108 174–240 1452–1492 WI95revMA02[3] Foussnotiz zu Annex 2 Chapter 2.2.3
1452–1479,5 MA02[4]
174–230 470–582 582–862 GE06[5] Annex 2 Chapter 1.1.2
47–68 87,5–108 174–230 470–582 582–960 ITU-R V.431-7[6] Table 3 (fir ITU Regioun 1)

OIRT-Band änneren

Zousätzlech zu deene vun der ITU fir Radio virgesinnene Bänner I bis V gëtt et nach dat sougenannte OIRT-Band. Dëst gëtt zanter laanger Zäit vun ettleche Memberlänner vun der OIRT an Osteuropa zu der Verbreedung vun FM-Gehéierfunk benotzt. Et reecht vu 65,9 MHz bis 73,1 MHz an iwwerschneit sech vu 65,9 MHz bis 68 MHz mam Radioband I. Haut fënnt et nëmmen nach a wéinege Länner (z. B. a Russland, Wäissrussland an an der Ukraine) Asaz.

Japanescht VHF-Radioband änneren

A Japan reecht d'UKW-Band vu 76 bis 90 MHz; dat onmëttelbar dorun uschléissend japanesch Televisiounsband I reecht vun 90 bis 108 MHz (dräi Analogkanäl).

1,5-GHz-Band („L-Band“) änneren

Uewerhalb vu Band V ass d'1,5-GHz-Band – dat sougenannte L-Band – fir terrestresch Radiouwendunge virgesinn. Hei huet sech nach keng Fortschreiwung vun der uewe genannter Nomenklatur mat réimeschen Zuelen duerchgesat, eventuell, well dëse Frequenzberäich nëmmen op europäeschem (CEPT) an net op groussem, internationalen Niveau (ITU) fir den terrestresche Radio geplangt gouf. De Begrëff "L-Band" ass keng offiziell Bezeechnung fir dee Radiofrequenzberäich. Hie leet sech vum Radar-Frequenzberäich "L" of (1 bis 2 GHz).[6]

Terrestresch Radiobänner an Europa änneren

Band Radiodéngschter (an Europa) aner Déngschter
Band I Analog Televisioun (agestallt) Feste Funkdéngscht
Amateurfunkdéngscht, 6-m-Band
OIRT-Band Gehéierfunk (FM) Feste Funkdéngscht
BOS-Funk
Amateurfunkdéngscht, 4-m-Band
Band II UKW-Gehéierfunk (FM)
Band III Analog Televisioun (agestallt)
DAB+
DVB-T
DMB
drotlos Mikrofone
Band IV DVB-T
DVB-H
drotlos Mikrofone
470–494 MHz: netnavigatoreschen Ortungsfunk (Wand Profiler)
Band V DVB-T
DVB-H
drotlos Mikrofone
608–614 MHz: Radioastronomiefunkdéngscht
1,5-GHz-Band
(„L-Band“)
DAB+
DMB

Frequenzen am Breetbandkabel änneren

Kuckt: Kabeltelevisioun.

Mikrowelleberäich änneren

Am Zweete Weltkrich goufen Héichfrequenzen am GHz-Beräich bei der Radardetektioun benotzt. Wéinst der Geheimhalung kruten d'Frequenzbänner zoufälleg ausgewielt Buchstawen. Sou war L méiglecherweis d'Ofkierzung fir long-band, S fir short, C fir compromise between L and S. D'Ofkierzunge K a Ku (fréier och als Ku geschriwwen) ginn op déi däitsch Bezeechnunge kurz a kurz-unten zeréck. Haut kennzeechnen d'Buchstawen och d'Sendeberäicher vu Satellitten.

D'ITU versicht, d'Frequenzzouuerdnungen zu de Frequenzbandnimm ze vereenheetlechen:

Frequenzbandbezeechnungen
Band
Frequenzberäich[7]
an [GHz]
no ITU[6][8]
an [GHz]
P 220–300 MHz
L 01002,6 01–02
S 02,6003,95 02–04
C 03,95–05,8 04–08
J 05,85–08,2
X 08,20012,4 08–012
Ku 012,40018 12–018
K 0180026,5 18–027
Ka 026,50040 27–040
Q 0330050
U 0400060
V 0500075
E 0600090 60–090
W 0750–110 80–110
F 0900–140
D 1100–170
G 1400–220
Y 1700–260
J 2200–325

Am Satellittefunk gëtt dogéint meeschtens dës Andeelung benotzt. (Ettlech Frequenzen fir Fuerschungssatellitten a Raumsonde feelen nach.)

Bezeechnunge bei Satellittefunk mat Ënnerscheedung no Déngschten
Band Déngscht Frequenzberäich an [GHz]
Downlink Uplink
P 00,23–01
L 01,53–02,7
S 02,7003,5
C 03,4004,2 05,925–06,425
X Militär-Kommunikatiounssatellitten 07,25–07,75 07,9008,4
Fuerschungsfunk 08,4008,5 07,145–07,235
Ku (Europa) fixed-satellite service 10,70–11,7 12,750–13,25 / 13,75–14,5
BSS 11,70–12,5 17,30–18,1
SMS 12,50–12,75 12,750–13,25 / 13,75–14,5
Ku (Amerika) FSS 11,70–12,2 140–14,5
BSS 12,20–12,7 17,30–17,8
Ka 17,70–21,2 27,50–31

Militäresch Bezeechnungen änneren

Déi an NATO-Europa definitiv Bezeechnunge fir Frequenzbänner sinn am ARFA Handbuch publizéiert. Si fannen och Gebrauch bei grenziwwerschreidende Frequenzbenotzunge mat Nopeschlänner oder UN-Missioune mat NATO-Bedeelegung.[9] Zudeem sinn dës Bezeechnunge gréisstendeels kompatibel mat den US-Arméien.

Bezeechnunge vun der US-Arméi[8][10]
Band Frequenzberäich
A 00–250 MHz[10]
B 250–500 MHz
C 0,5–01 GHz
D 01–02 GHz
E 02–03 GHz
F 03–04 GHz
G 04–06 GHz
H 06–08 GHz
I 08–010 GHz
J 010–020 GHz
K 020–040 GHz
L 040–060 GHz
M 060–100 GHz
N 100–200 GHz
O 200–300 GHz
Bemierkung: Bei Zesummenaarbecht mat zivillen Organisatiounen / NATO ggf. hëllefräich.

Frequenzen an Déngschter (Auswiel) änneren

Band / Déngscht Bandgrenz a MHz Bemierkung
ënnen uewen
LW-Radio 0,1485 0,2835 Nëmmen an Europa, Nordafrika, de GUS-Staaten an der Mongolei fir Radio benotzt.
Iewescht LW-Band 0,2000 0,5260 fir ongeriichtet (Fluch)Funkfeier (ongeriichtet Funkfeier, NDB)
MW-Radio 0,5265 1,6065 an den USA bis 1700 kHz, och an Europa e puer Sender baussenzeg vum reguläre Band
KW-Radio 5,9 26,1 an ettleche Bänner, dertëscht och aner Uwendungen, zum Beispill den Amateurfunkdéngscht
CB-Funk 26,565 27,405 11-m-Band
RC Modellbau 35,1 35,9 35 MHz fir Fluchmodeller
Drotlose Mikrofon 36,7 37,1 Drotlostechnik vun der éischter Generatioun, veralt, aktuell nach fir Personenféierungsanlagen
RC Modellbau 40,4 40,6
ISM 40,665 40,695
Radio Band I 47 68 analog Televisioun (nëmmen nach iwwer Kabel)
OIRT-Band 65,9 73,1 FM-Gehéierfunk an Osteuropa (ouni déi fréier DDR), auslafend
4-Meter-Band 66 87,49 BOS-Funk (Däitschland)
Radio Band II 87,5 108 UKW-FM-Radio (an Europa)
Navigatiounsfunkdémgscht 108 117,975 Dréifunkfeier (Very High Frequency Omnidirectional Radio Range, VOR) an Landekurssender (Localizer) vum Instrumentenlandesystem (Instrument Landing System, ILS)
Fluchfunkdéngscht 118,000 137 Fluchfunk
Amateurfunkdéngscht 2 m 144 146 (VHF)
Mobile Séifunkdéngscht 156 162 Mobile Séifunkdénscht (Ultrakuerzwell)
Radio Band III 174 230 analog Televisioun (nëmmen nach iwwer Kabel), DVB-T, DAB, Funkmikrofone
UHF 328 336 Gläitweesender
GSM 400[11] 380,2 496,0 Digitaler BOS-Funk + Zivil- resp. Betribsfunk
Amateurfunkdéngscht 70 cm 430 440 (UHF)
ISM 433,05 434,79 SRD
KDR 444,600 444,875 Kuerzstreckefunk (a Skandinavien)
PMR 446,000 446,200 [12]
Radio Band IV 470 582 analog Televisioun (nëmmen nach iwwer Kabel), DVB-T, Funkmikrofone
Radio Band V 582 862 analog Televisioun (nëmmen nach iwwer Kabel), DVB-T, Funkmikrofone
GSM 700[11] 698,0 792,0
WDSL 790 862 Breetband-Internet via Wireless-DSL (vun 2010 un) (Digitale Dividende)
SRD 863 864,5 analog Audioiwwerdroungen (Funkkapphörer, Funklautspriecher asw.)
SRD 868-MHz-Band 868 SRD, Funk-Baussenthermometer
GSM 850[11] 824 894 GSM-Netzer Amerika
GSM 900[11] 870,4 960,0 D-Netze, GSM-Netze Europa (Mobilfunk)
Mode S 960 1164 beispillsweis ADS-B op 1090 MHz
GPS 1227,60 1227,60 Satellittenavigatioun
1,2-GHz-Band 1240 1300 Amateurfunkdéngscht 23 cm
1,5-GHz-Band 1452 1492 DAB, Ëmstellung op Band III geplangt
GPS 1575,42 1575,42 Satellittenavigatioun
Iridium 1616 1625 Satellittentelefonie
DCS 1800[11] 1710 1880 E-Netze
PCS 1900[11] 1850 1990 GSM-Netzer Amerika
DECT 1880 1900 Digital Enhanced Cordless Telecommunications (schnouerlosen Telefon)
Mobilen Landfunkdéngscht 1885 2025 UMTS
2110 2200
ISM 2400 2500 Bluetooth, WLAN, RC-Modellbau, RFID, Wireless-MIDI, Funkmikrofone, an USA: DECT
WLL 3400 3600 WiMAX
ISM 5725 5875 WLAN, U-NII, Funkmikrofone
Radiodéngscht iwwer Satellitten 10700 12750 DVB-S an nach analog PAL / SECAM

Optesch an Infrarout-Astronomie änneren

Wellenlängt
in µm
Bezeechnung
0,36 U-Band
0,44 B-Band
0,55 V-Band
0,65 R-Band
1,00 I-Band
1,25 J-Band
1,65 H-Band
2,20 K-Band
3,45 L-Band
4,70 M-Band
10 N-Band
20 Q-Band
450 Submillimeter

Optesch Datekommunikatioun änneren

Band Bezeechnung Wellelängteberäich
O-Band Original 1260–1360 nm
E-Band Extended 1360–1460 nm
S-Band Short wavelength 1460–1530 nm
C-Band Conventional 1530–1565 nm
L-Band Long wavelength 1565–1625 nm
U-Band Ultralong wavelength 1625–1675 nm

Kuckt och änneren

Weider Frequenzberäicher fënnt een ënner anerem an:

Um Spaweck änneren

Commons: Radio spectrum – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Radio Regulations, Edition of 2012
  2. ITU: final acts of the European Broadcasting Conference in the VHF and UHF bands Stockholm, 1961
  3. CEPT: FINAL ACTS of the CEPT T-DAB Planning Meeting (3) Maastricht, 2002
  4. CEPT: FINAL ACTS of the CEPT T-DAB Planning Meeting (4) Maastricht, 2002
  5. ITU: Final Acts of the Regional Radiocommunication Conference for planning of the digital terrestrial broadcasting service in parts of Regions 1 and 3, in the frequency bands 174-230 MHz and 470-862 MHz (RRC-06) Geneva, 15 May–16 June 2006
  6. 6,0 6,1 6,2 ITU: Recommendation ITU-R V.431-7: Nomenclature of the Frequency and Wavelength Bands Used in Telecommunications
  7. Quell onbekannt
  8. 8,0 8,1 Meinke, Friedrich-Wilhelm Gundlach: Taschenbuch der Hochfrequenztechnik, 4. Oplo 1985, Springer-Verlag: Säit A2
  9. NATO Allied Radio Frequency Agency (ARFA) HANDBOOK – VOLUME I; PART IV – APPENDICES, … G-2, … NOMENCLATURE OF THE FREQUENCY AND WAVELENGTH BANDS USED IN RADIOCOMMUNICATION.
  10. 10,0 10,1 Whitaker: Handbook of Broadcast Engineering. McGraw-Hill, 2005
  11. 11,0 11,1 11,2 11,3 11,4 11,5 3GPP TS 45.005: GSM/EDGE Radio Access Network: Radio transmission and reception (Release 8) (ZIP; 798 kB)
  12. Frequenzzuteilung PMR-446 Archivéiert op 2018-10-01. Gekuckt de(n) 2018-11-02.