D'Corina Ciocârlie, gebuer den 13. Oktober 1963 zu Timișoara a Rumänien, ass eng Journalistin a Literaturkritikerin.

Corina Ciocârlie
Gebuer 13. Oktober 1963
Nationalitéit Rumänien, Lëtzebuerg
Aktivitéit Essayist, Literaturkritiker, Theaterkritiker
Famill
Papp Livius Ciocârlie

Si huet op der Universitéit vu Bukarest Sproochwëssenschaft a rumänesch Literatur studéiert.

D'Corina Ciocârlie schreift Literaturkritike fir d'Wochenzeitung Le Jeudi, mécht d'Koordinatioun vun der Tageblatt-Spezialbeilag Livres/Bücher an ass Mataarbechterin vun den Éditions Phi.

Den 11. November 2010 gouf si am Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain mam Lëtzebuerger Bicherpräis ausgezeechent, deen dat Joer vun den Éditions Ultimomondo an d'Liewe geruff gouf.

Wierk (Auswiel) änneren

  • Ciocârlie, Corina: Fals Tratat De Disperare, Editura Hestia, 1992, 277 Säiten, ISBN 973 91 9206 8
  • Ciocârlie, Corina: Pragmatica Personajului, Editura Minerva, 1992, 209 Säiten, ISBN 973 21 0204 7
  • Mersch, Corina: Un Miroir aux Alouettes. Petit dictionnaire de la pensée nomade, Éditions Phi & CNL, 1999, 208 Säiten, ISBN 2 87962 107 0
  • Mersch, Corina: Laissez-passer. Topographie littéraire d'une Europe des frontières, Éditions Phi, 2004, 304 Säiten, ISBN 2 87962 193 3
  • Ciocârlie, Corina: Il n'y a pas de dîner gratuit. Petit abécédaire de la rencontre en littérature mat Illustratioune vum Dan Perjovschi, ultimomondo, 2011, 248 Säiten, ISBN 978 2 919933 74 7
  • Ciocârlie, Corina: În căutarea centrului pierdut, Colectie Revizitări, Editura ART, 2011, 208 Säiten, ISBN 978 973 124 595 9

Um Spaweck änneren