Als Géigepoopst (pseudopapa, antipapa) gëtt e Poopst bezeechent, wann en zu Liefzäite vun engem kanonesch gewielten (an net zeréckgetruedenen) Poopst installéiert gouf. Zur Opstellung vu Géigepeepst ass et komm, well sech z. B. de Kardinolskollegium gespléckt hat, oder de Keeser respektiv réimesch aristokratesch Famillen an d'Poopstwal agegraff haten. Wéinst ënnerschiddlecher Opzielung a verschiddene Standpunkten an deenen zum Deel chaotesche Poopstwalen ass déi wierklech Zuel vun de Géigepeepst schwéier festzestellen. Et sinn der tëscht 25 a 40.

Felix V.

Bei verschidde Peepst ass et souwisou schwéier festzestellen, ob si rechtméisseg oder onrechtméisseg am Amt waren. D'Grënn dofir sinn ënner anerem d'Onméiglechkeet fir nach Ënnerlagen ze fannen an d'Ëmstänn vun de respektive Poopstwalen, déi net méi nozevollzéie sinn. Als éischte Géigepoopst gëllt den Hippolyt (217235) an als leschten de Felix V. (14391449).

Och de Jean-Paul II. gouf a senger Amtszäit vu verschiddene sedisvakantistesche Gruppéierungen ofgeleent, déi selwer den Usproch erhuewen hunn, de rechtméissige Poopst ze sinn, wéi z. B. de Clemente Domínguez y Gómez (als Gregor XVII.; † 22. Mäerz 2005), den David Allen Bawden (als Michael I.) oder de Lucian Pulvermacher (als Pius XIII.). Allerdéngs hunn dës sech vun den historesche Géigepeepst doduerch ënnerscheet, datt si keng Ënnerstëtzung vun der kierchlecher Hierarchie genoss hunn an nëmmen e puer Dausend Unhänger mat staark regionaler Begrenzung haten.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren