Lëscht vun Terroruschléi
Wikimedia-Lëschtenartikel
Dës Lëscht vun Terroruschléi ass en Deel vun de Referenztabellen.
Al-Qaida- an islamistesch Terrorakten
änneren- Terroruschlag op de World Trade Center, (11. September 2001), et stierwe ronn 3000 Persounen.
Aner Terrorakten, déi der Al-Qaida zougeschriwwe ginn
änneren1993
- 26. Februar 1993 – 1. Sprengstoffuschlag op de World Trade Center zu New York, et stierwen 6 Mënschen a zirka 1000 gi blesséiert.
1995
- 5. September1995 – Projekt Bojinka gëtt gestoppt.
- 13. November 1995 – Sprengstoffuschlag op eng US-Militärarichtung zu Riad (Saudi-Arabien), 7 Mënsche kommen ëm.
1996
- 25. Juni 1996 Sprengstoffuschlag mat engem LKW op de Khobar Tower no beim saudi-amerikanesche Stëtzpunkt zu Zahran (Saudi-Arabien), et stierwen 19 Mënschen a 64 gi blesséiert.
1998
- 7. August1998 – Bommenuschléi op déi amerikanesch Ambassaden zu Nairobi (Kenia) an Daressalam (Tansania), et stierwen am Ganzen 224 Persounen. D'Verantwortung vun dësen Uschléi huet d'Organisatioun Islameschen Dschihad vum Egypter Aiman az-Zawahiri iwwerholl.
- 12. Oktober 2000 – Uschlag op d'Krichsschëff USS Cole (DDG-67) am Hafe vun Aden amJemen – 17 Doudeger an 39 Blesséierter.
2002
- 17. Mäerz 2002 – Uschlag mat Handgranaten op eng Kierch zu Islamabad (Pakistan) – 5 Doudeger.
- 11. Abrëll 2002 – Bommenuschlag op eng Synagog zu Djerba (Tunesien), et stierwen 19 Mënschen.
- 8. Mee2002 – Bei engem Attentat op Ingenieuren aus Frankräich stierwen zu Karatschi (Pakistan) 14 Mënschen.
- 14. Juni 2002 – Bei einem Autobommenuschlag virum US-Konsulat zu Karatschi stierwen 12 Mënschen.
- 5. September2002 – Bei einem Autobommenuschlag zu Kabul (Afghanistan) stierwe 26 Mënschen; den afghanesche President Karsai kënnt knapps dovun.
- 12. Oktober 2002 – Bei Uschléi op Diskothéiken zu Bali (Indonesien) stierwen 202 Mënschen.
- 28. November 2002 – Bei engem Uschlag op israeelesch Touristen zu Kenia komme 16 Persounen ëm.
2003
- 12. Mee 2003 – Bei engem Uschlag op Auslännersiidlungen zu Riad (Saudi-Arabien) stierwe 35 Mënschen.
- 16. Mee 2003 – Bei fënnef Uschléi op auslännesch an israeelesch Arichtungen zu Marokko stierwen ausser den Attentäter weider 32 Mënschen.
- 5. August2003 – Virun engem Hotel zu Jakarta stierwen 12 Persounen.
- 8. November2003 – Bei engem Uschlag op Siidlunge vun Auslänner a Saudi-Arabien stierwen 18 Mënschen.
- 15. November an 20. November 2003 – Bei véier (jee zwéin) Uschléi zu Istanbul stierwen am Ganze 57 Persounen.
2004
- 11. Mäerz 2004 – Bei Uschléi op vollbesat Pendlerzich zu Madrid stierwen 191 Mënschen, eppes 1.500 Persoune gi blesséiert.
- 7. Oktober2004 – Zu Taba a Ras Schitan (Moon Island Village) gi 34 Mënschen ermuert.
2005
- 7. Juli2005 – Uschléi op de Londoner Metro a Bussen. Op d'mannst 700 Mënsche gi blesséiert an op d'mannst 56 Mënsche stierwen.
- 23. Juli 2005 - Dräi Uschléi zu Scharm El-Scheich an Egypten: Op d'mannst 88 Mënsche stierwe bei enger Explosion vun enger Autosbomm.
- 9. November2005: Explosiounsserie an dräi jordanesche Luxushotelle mat zirka 67 Doudegen a ronn 300 Blesséierten.
...
2020
- 16. Oktober 2020 - Attentat zu Conflans-Sainte-Honorine bei deem de Schoulmeeschter Samuel Paty gekäppt gëtt.