De Pont des Arches ass déi eelst Bréck zu Léck.

De Pont des Arches vu flossop gesinn
De Pont des Arches 1850
Lécker Wopen um Pont des Arches

Si verbënnt den Zentrum vu Léck mat dem Quartier Outremeuse. Iwwer d'Bréck féiert d'Nationale 3, déi riets Rue Saint-Pholien heescht, a lénks Rue Léopold.

Déi éischt Bréck op där Plaz gouf am Mëttelalter géint 1025 gebaut. Se gouf e puermol zerstéiert, sief et duerch Héichwaasser, oder duerch Krichssituatiounen.

Déi aktuell Bréck ass déi sechste Bréck op der Plaz a si ass aus dem Joer 1947. Hir Virgängerin déi no 1859 opgeriicht gi war, gouf am Zweete Weltkrich zerstéiert. Et ass eng Boubréck mat dréi flaache Béi, déi op zwéi Flosspiliere steet, am arméiertem Bëtong gebaut ass, a mat blo Steng agekleet ass.

Virun all Pilier steet eng Statu, eng Mamm mat engem Kand, déi d'Gebuert vun der Stad symboliséiert, e Reider aus dem Mëttelalter, e Personnage mat gebrachene Ketten, deen d'Belsch Revolutioun vun 1830 duerstellt, an e Mann deen eng Granat ënner sengem Mantel verstoppt, als Erënnerung un déi belsch Resistenz am Zweete Weltkrich.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pont des Arches, Liège – Biller, Videoen oder Audiodateien