Geeschterhaischen
D'Geeschterhaischen ass e Lieu-dit am Gréngewald; en huet den Numm vun engem Juegdhaus, dat op dëser Plaz stoung.
Geeschterhaischen | |
---|---|
D'Ruin vum Geeschterhaischen am Gréngewald | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Steesel |
Buergermeeschter | Fernand Marchetti (LSAP) |
Koordinaten |
49° 40’ 08.9’’ N 06° 10’ 01.4’’ O |
Geographie
ännerenD'Geeschterhaische läit op enger Héicht vun zirka 393 m (NG-L), am Flouer Réngelbur, ëstlech vun der A7, an der Kadastersektioun Steesel vun der Gemeng Steesel.
Geschicht
ännerenD'Gebai gouf ëm 1890 gebaut a vun de Groussherzogen Adolphe a Wëllem IV. als Juegdhaus benotzt. Et hat e Grondrëss vun ca. 4 x 16 m an hat eng Kichen mat enger Spënnchen lénks vum Gank an op der anerer Säit waren en Iesszëmmer mat enger Schminni an dernieft op Openthaltszëmmer.
Wann a fréieren Zäiten d'groussherzoglech Famill fir d'Juegd oder fir d'Entspanung aus dem Uelzechtdall erop an de Gréngewald koum, si si gemenkerhand mat der Päerdskutsch gefuer. De Bëschwee dee vum haitegen CR126 - tëscht dem Stafelter an deem Punkt wou en op de CR125 stéisst - a Richtung Nordoste fortgeet a laanscht d'Geeschterhaische bis bei d'Prinzessinnen-Eeche féiert, gouf dowéinst Kutschewee genannt.
Kuckt och
ännerenBiller
änneren-
D'Geeschterhaischen ëm 1935
-
Grondrëss vum fréiere Geeschterhaischen
-
De Kutschewee, net wäit ewech vum Geeschterhaischen
Um Spaweck
ännerenCommons: Geeschterhaischen – Biller, Videoen oder Audiodateien |