Kroatesch Kuna

fréier Wärung vu Kroatien
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der kroatescher Kuna vun 1994 bis 2022. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Kroatesch Kuna (1941-1945).

D'Kroatesch Kuna oder och einfach Kuna (HRK) war vum 30. Mee 1994 bis den 31. Dezember 2022 déi offiziell Wärung vu Kroatien. Si gouf den 1. Januar 2023 duerch den Euro ersat, nodeems Kroatien der Eurozon bäigetruede war.

Mënzen

1 Kuna war an 100 Lipa ënnerdeelt.

Geschicht

änneren

D'Kroatesch Kuna gouf den 30. Mee 1994 offiziell agefouert. Si hat d'Iwwergangswärung, de Kroateschen Dinar, dräi Joer no der Onofhängegkeet vu Jugoslawien ersat.

"Kuna" heescht op Kroatesch souvill wéi Marder. Dësen Numm geet op d'Mëttelalter zeréck, wou Marderpelzer eng Zort Wärung waren.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR  = 7,53450 HRK fixéiert.

Als Erënnerung gouf op der nationaler Säit vun der kroatescher 1-Euro-Mënz och e Marder ofgebilt.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kroatesch Kuna – Biller, Videoen oder Audiodateien