Kriibsebaach (Schwaarz Iernz)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Niewebaach vun der Schwaarzer Iernz. Fir déi, déi an d'Wäiss Iernz leeft, kuckt wgl. Kriibsebaach (Wäiss Iernz).

D'Kriibsebaach ass eng kleng lëtzebuergesch Baach am Gréngewald an an de Gemenge Steesel, Nidderaanwen a Jonglënster . Et ass eng Niewebaach vun der schwaarzer Iernz.

Kriibsebaach
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Biergerkräiz
Héicht 408 m
Koordinaten 49° 40’ 45.9’’ N
      06° 12’ 23.8’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Schwaarz Iernz
Héicht 314 m
Koordinaten 49° 41’ 30.4’’ N
      06° 15’ 05.5’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg

Se huet hir Quell am Gréngewald ëstlech vum Biergerkräiz op enger Héicht vu 408 Meter. Vun do leeft se no Osten fir bei Gonnereng de Kriibseweier ze fidderen. Duerno leeft s'ënner der Iechernaacherstrooss erduerch fir dann annerhallwe Kilometer méi wäit, südlech vu Gonnereng mat der Iernsterbaach zesummenzelafen a sou d'Schwaarz Iernz ze bilden.

Trivia änneren

Haut huet d'Schwaarz Iernz hiren Numm eréischt vum Zesummelaf vun den zwou Baachen un. Fréier gouf geléiert datt d'Schwaarz Iernz hir Quell am Gréngewald hätt. Et fënnt ee sou op alen topographesche Kaarten d'Kriibsebaach als Ernz noire agezeechent.