Iernsterbaach

lëtzebuergesch Baach

D'Iernsterbaach ass eng lëtzebuergesch Baach, am Zentrum vum Land an de Gemengen Nidderaanwen a Jonglënster.

Si huet hir Quell am Gréngewald um Lieu-dit Gréiweier op enger Héicht vu ronn 360 Meter. Si leeft vun do aus no Nordosten a kritt ënnerwee déi kleng Baachen Klengelflässchen a Wurzelflass vu lénks dobäi. No ronn engem Kilometer ännert se hire Laf an Direktioun Osten, bis op Iernster, wou se e Weier fiddert, fir no der Uertschaft no Norde weiderzelafen.

Tëscht Iernster a Gonnereng kënnt vu lénks nach d'Eeschbech dobäi. Südlech vu Gonnereng tëscht der aler Uertschaft an der neier Cité, um Flouer An den Aessen, leeft se mat der Kriibsebaach zesummen, an déi zwou bilden dann d'Schwaarz Iernz.

D'Baach ass 4,3 Kilometer laang an huet bei der Administration de la Gestion de l'Eau de Code 497.

Kuckt och änneren