Kriibseweier (Jonglënster)

Weier am Gréngewald
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Weier am Gréngewald. Fir de Weier am Ellergronn, kuckt wgl. Kriibseweier (Esch-Uelzecht).


De Kriibseweier ass e Weier um Bord vum Gréngewald zu Gonnereng an der Gemeng Jonglënster.

Kriibseweier
De Kriibseweier am Wanter (a Richtung Norde gekuckt)
Verwaltung
Land Lëtzebuerg
Géigend Kanton Lëtzebuerg
Verwaltungseenheet Jonglënster
Geographie
Koordinaten 49° 41’ 11.4’’ N
      06° 13’ 37.3’’ O
Zweck Kriibsenzuucht (fréier)
Hydrographie
Zoufloss Kriibsebaach
Ausfloss Kriibsebaach

Geographie änneren

E läit südwestlech vu Gonnereng an nërdlech vun der N11 op enger Héicht vun ongeféier 344 m (NG-L).

Geschicht änneren

 
En europäesche Flosskriibs

Bis zur franséischer Revolutioun huet de Weier der Abtei Neimënster gehéiert an ass vun de Patere fir d'Kriibsenzuucht benotzt ginn. Déi heemesch Kriibsaarten, wéi den europäesche Flosskriibs (astacus astacus), dee laang Zäit an der Gastronomie am Gebrauch war, grad wéi de Steekriibs (austropotamobius torrentium) ware fréier a ville Lëtzebuerger Waasserleef ze fannen.

Enn vum 19. Joerhonnert gouf et eng Infektiounskrankheet ënner de Flosskriibsen, déi bal déi komplett Flosskriibspopulatioun zerstéiert huet. Den Erreeger vun dëser Kriibsepescht war de Fuedempilz Aphanomyces astaci deen aus Nordamerika erageschleeft gouf, deen an d'Nervesystem andréngt an de Kriibs bannent kuerzer Zäit dout mécht. Et gouf festgestallt, datt déi nordamerikanesch Kriibsaarten (wéi z. B. de Signalkriibs pacifastacus leniusculus) d'Krankheet iwwerdroen hunn.

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kriibseweier (Jonglënster) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren