Monthly Notices of the Royal Astronomical Society

Monthly Notices of the Royal Astronomical Society (MNRAS) ass eng englesch Fachzäitschrëft fir Astronomie a fir Astrophysik déi a Groussbritannien publizéiert gëtt.

Déi éischt Editioun koum den 9. Februar 1827 als Monthly Notices of the Astronomical Society of London eraus. MNRAS ass zanterhier onënnerbrach erauskomm an ass eng vun de weltwäit eelsten astronomesche Fachzäitschrëften déi nach existéiert. Den haitegen Numm krut si nom zweete Band, nodeem d'Astronomical Society of London d'Royal Astronomical Society (RAS) gi war. Bis 1961 hat d'RAS d'Monthly Notices selwer erausginn, zanterhier gëtt se beim Verlag Blackwell Publishers am Optrag vun der RAS publizéiert.

36 Editioune kommen am Joer eraus an net méi wéi fréier all Mount.

MNRAS gehéiert haut wéi Astronomy and Astrophysics an den Astronomical Journal zu de féierende Fachzäitschrëften an der Astronomie.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie