Philippe vun der Belsch

Kinnek vun de Belsch

De Philippe, resp. Filip ass zanter dem 21. Juli 2013 de 7. Kinnek vun de Belsch. Hien ass als Philippe Léopold Louis Marie oder Filips Leopold Lodewijk Maria de 15. Abrëll 1960 zu Bréissel, als Prënz vun der Belsch, Herzog vu Brabant aus dem Haus Sachsen-Coburg Gotha, gebuer.

Philippe vun der Belsch
Titelen
Kinnek vun de Belsch
Zäit zanter dem 21. Juli 2013
Virgänger Albert II. vun der Belsch
Biographie
Gebuer 15. Abrëll 1960
Schlass Belvédère
Bestuet mat Mathilde d'Udekem d'Acoz
Papp Albert II. vun der Belsch
Mamm Paola Ruffo di Calabria
Geschwëster Astrid de Belgique, Laurent de Belgique, Delphine de Saxe-Cobourg
Kanner Élisabeth de Belgique, Gabriel de Belgique, Emmanuel de Belgique, Éléonore de Belgique

Hien ass den eelste Jong vum Kinnek Albert II. an der Kinnigin Paola. Den 21. Juli 2013 ass säi Papp zu senge Gonschte vum Troun zeréckgetrueden.[1]

De Philippe huet zwee Gesëschter: de Prënz Laurent an d'Prinzessin Astrid, an eng Hallefschwëster, d'Delphine Boël. No senger Première, 1978, ass hie bis 1981 op d'École Royale militaire gaangen a gouf Kampfpilot. Duerno goung en op den Trinity College vun der Universitéit vun Oxford an op d'Stanford Universitéit, wou en 1985 e Magisterofschloss an de Politikwëssenschafte gemaach huet.

Bis zu senger Kréinung als Kinnek huet hien eng sëllegen offiziell Aufgabe vu sengem Papp iwwerholl, ë. a. Wirtschaftsmissiounen an d'Ausland.

De 4. Dezember 1999 huet de Prënz Philippe d'Mathilde d'Udekem d'Acoz bestuet. D'Koppel huet 4 Kanner:

  • Elisabeth Thérèse Marie Hélène (* 25. Oktober 2001). D'Elisabeth ass d'Trounierwin vun hirem Papp;
  • Gabriel Baudouin Charles Marie/Gabriël Boudewijn Karel Maria (* 20. August 2003);
  • Emmanuel Leopold Guillaume François Marie (* 4. Oktober 2005);
  • Eléonore Fabiola Victoria Anne Marie (* 16. Abrëll 2008).

Um Spaweck änneren

Commons: Philippe vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Belgischer König kündigt Abdankung an." Frankfurter Allgemeine Zeitung 2013-07-03