Leo Wagener

Bëschof vu Lëtzebuerg
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Leo Wagener, gebuer den 12. Abrëll 1962 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen.[1]

Leo Wagener
Gebuer 12. Abrëll 1962
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Dikrecher Kolléisch
Aktivitéit kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof

Hie staamt vun Houschent a gouf den 2. Juli 1988 geweit.

De Leo Wagener war vum 1. September 1988 bis den 1. September 1990 Kaploun zu Dikrech. 1988 gouf hie bäigeuerdenten Aumônier vun der Lëtzebuerger Landjugend. Vun 1991 bis 2006 war hie Paschtouer zu Steebrécken[2] an duerno, vun 2006 bis 2014, zu Bouneweg/Hamm. De Leo Wagener war och vun 1991 un Aumônier vun der Landjugend. 1992 gouf en nach Diözees- a Jugendséilsuerger.

Den 18. Februar 2015, nodeems den Erny Gillen als Generalvikar zeréckgetruede war, huet den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg Jean-Claude Hollerich de Leo Wagener zum neie Generalvikar ernannt[3].

Am Juli 2019 gouf de Leo Wagener vum Poopst Franziskus zum Weibëschof genannt, eng Funktioun déi et bis dohin zanter der Grënnung vun der Diözees Lëtzebuerg am Joer 1879 nach net gouf[4],[5]. Hie gouf den 29. September 2019, um 15 Auer an der Kathedral geweit[6]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. (de)Biografie von Msgr. Leo Wagener. Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg. Gekuckt de(n) 2023-08-18.
  2. D'Geschicht vun der Par Steebrécken
  3. "Erny Gillen tritt zurück." tageblatt.lu, 18.02.2015, 09:58.
  4. Papst Franziskus ernennt Generalvikar Leo Wagener zum Weihbischof op wort.lu de 24. Juli 2019
  5. Mam Leo Wagener kritt Lëtzebuerg e Weibëschof op rtl.lu de 24. Juli 2019
  6. De Weibëschof Leo Wagener op cathol.lu