Kierch Wäiswampech
D'Kierch zu Wäiswampech ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vu Wäiswampech (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Wäiswampech | |||
Par | Ëlwen–Wäiswampich Saint-François | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Jang vun Nepomuk | |||
Baujoer | 1880 | |||
Koordinaten | 50° 09’ 50.0’’ N 06° 05’ 18.0’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Jang vun Nepomuk, deem säi Fest de 16. Mee gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am Kiricheneck. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Geschicht
ännerenZu Wäiswampech gouf 1735 eng nei Kierch gebaut.[1] Warscheinlech gouf dës Kierch 1880 duerch déi haiteg Kierch ersat, well iwwer dem Kiercheportal steet d'Joreszuel 1880.
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Wäiswampech, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet.
Uergel
ännerenAn der Kierch steet eng Uergel vun der Firma Sebald vun Tréier aus dem Joer 1975.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Wäiswampech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François
- D'Fënstere vun der Kierch zu Wäiswampech op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu (de)
-
Südsäit vun der Kierch (2011)
-
Den Tuerm op der Westsäit
-
Agank vun der Kierch
Referenzen
änneren- ↑ "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 173