Kierch Uewerkuer

kathoulesch Kierch

D'Kierch vun Uewerkuer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Déifferdeng Saint-François-d'Assise an zu der Gemeng Déifferdeng gehéiert.

Kierch vun Uewerkuer

Uertschaft / Plaz Uewerkuer
Par Par Déifferdeng
Saint-François-d'Assise
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Stephanus
Konsekratioun 1912
Koordinaten 49° 30’ 52.3’’ N
      05° 53’ 39’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Stephanus (St. Étienne), deem säi Fest de 26. Dezember gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vun der rue Prommenschenkel mat der rue de Belvaux, der N31, nieft dem Kulturzentrum Marcel Noppeney.

D'Kierch am neogotesche Stil gouf den 1. Juli 1912 vum Bëschof Jean-Joseph Koppes geweit. Si ass 44 m laang, 25,4 m am Querschëff breet a 14,2 m héich am Verwëllef. De Kierchtuerm staamt vun der viregter Kierch aus dem Joer 1738.

Den Tuerm vun der Kierch gouf de 5. November 2002 an den Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl.

Geschichtleches änneren

Uewerkuer gouf als Par fir d'éischt am Joer 1236 ernimmt[1][2], wéi déi deemoleg Kierch dem Zisterzienserinne-Klouschter vun Déifferdeng zouerkannt gouf.

Um Kräiz vun Orval, resp. Christus vun Orval, dat zanter 1997 op der Tabernakel-Sail vum Ad Deville hänkt, steet d'Joreszuel 1493.

De Paschtouer Reginald Musset (1637?-1658) huet den éischten Dafregëster agefouert.

De barocken Dafstee staamt aus der Zäit vum Paschtouer Ludovici (1726-1761).

Bis zur Industrialiséierung um Enn vum 19. Joerhonnert, war d'Kierch aus dem Joer 1718 grouss genuch. De 5. Juni 1911 gouf den éischte Stee vun der drëtter Kierch zu Uewerkuer geluecht.

De 26. Januar 1930 krut d'Kierch eng Uergel vun der Uergelmanufaktur Georg Stahlhuth-Haupt vu Lëntgen. 1939 gouf déi drëtt Klack, déi 25 Zenner weit, vun der Firma Mabillon vu Saarburg geliwwert. Zesumme mat den 2 anere si s'op d'Motiv Klagt in Leid gestëmmt.

Den 9. Mäerz 1987 gouf d'"Krypta", e polyvalente Sall ënner der Kierch ageweit.

D'Ëmbauaarbechte vun 1996-1997 stoungen ënner der Leedung vum Architekt Henri Offermann an ënner der artistescher Gestaltung vum Ad Deville.

Klacken änneren

Am Tuem hänken 3 Klacken. D'Klack 1 staamt aus der saarlännescher Klackegéisserei Mabilon vu Saarburg, d'Klacken 2 an 3 stamen aus enger Géisserei vu Saint-Thiébault an der Haute-Marne.

Nr. Numm Gewiicht (kg) Duerchmiesser (cm) Toun Géisser Gossjoer
1 Chrëschtkinnek 1.200 126 dis' Mabilon 1938
2 Étienne / Stephan 700 103 fis' A. Hémery & Lainville 1852
3 Muttergottes 480 92 gis' A. Hémery & Lainville 1852

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Uewerkuer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Broschür Bienvenue aus visiteurs, Église Saint Etienne Oberkorn, Kiirchefabrik [sic] Uewerkuer, 1997
  2. Hierschtkiermes zu Uewerkuer, Ofschloss vun de Renovéierungsaarbechten an der St.-Stephanus Kiirch [sic] den 11. an 12. Oktober 1997