D'Kierch zu Uesweller ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Rouspert-Mompech gehéiert.

Kierch vun Uesweller

Uertschaft / Plaz Uesweller
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Catherine
Koordinaten 49° 47’ 12.4’’ N
      06° 26’ 33.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Catherine, där hiert Fest de 25. November gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Celsus.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (rue Principale), dem CR139, mat der rue Wandbierg, dem CR141. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Se gouf den 23. Abrëll 2019 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Klacken änneren

An der Kierch hänken 3 Klacken, déi an den Téin La (B'), Sol (AS') a Mi (F') lauden.

D'Paschtéier vun Uesweller änneren

  • 1805-1813, Mathias Wirtz
  • 1814-1845, J. Hartmann
  • 1845-1873, J.B. Schammel
  • 1873-1905, Mathias Berchem
  • 1905-1913, J.P. Reisen
  • 1913-1939, J.P. Flammang
  • 1939-1956, Nic. Boettel
  • 1956-1963, Roger Regenwetter
  • 1963-1969, J.P. Mertz
  • 1969-1978, Gustave Huberty
  • 1978-1991, Arsène Braun
  • 1991-1997, Marcel Braun
  • 1997-2010, Nico Jans
  • 2010- , Luc Schreiner

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Uesweller – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Kierch vun Uesweller (Ostsäit)
 
Lëscht vun de Paschtéier baussen op der Kierch

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).