Erléiserkierch zu Schengen

(Virugeleet vu(n) Kierch Schengen)
Kierch vu Schengen
Parkierch vu Schengen (2013)
Parkierch vu Schengen (2013)
Uertschaft / Plaz Schengen
Par Dräilännereck Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Saint-Sauveur
Konsekratioun 1950
Architekt(en) E. Galowich
Baujoer 1950
Proprietär Gemeng Schengen[1]
Koordinaten 49° 28’ 13.4’’ N
06° 21’ 52.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Erléiserkierch zu Schengen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Ostem an zu der Gemeng Schengen gehéiert.

D'Kierch huet de Patrozinium Jesus, Erléiser vun der Welt (lat.: Salvator Mundi, fr.: Saint-Sauveur). Niewpatréinesch ass d'helleg Lucia.

Se steet op engem Fielsplateau nieft der Wäistrooss, dem CR152. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht. D'Gemeng Schengen ass Propriétaire vun der Kierch.[2]

GeschichtÄnneren

1608 gouf fir d'éischt Kéier eng Kapell zu Schengen an engem Visitatiounsrapport ernimmt.

1807 ass Schengen eng eegestänneg Par ginn, virdrun huet et zur Par Perl gehéiert.

1870 gouf d'Kapell, déi bis dohin 63 m2 grouss war, vergréissert.

Den 29. Januar 1947 ass d'Kierch duerch e Feier komplett zerstéiert ginn.[3]

Den 8. Mee 1949 ass op därselwechter Plaz, wou déi al Kierch stoung, de Grondsteen fir eng nei Kierch geluecht ginn, déi den 9. November 1950 vum Bëschof-Koadjutor Léon Lommel konsekréiert gouf.[4][5]

Ufank Juli 2018 war e Feier an der Kierch, bei deem e Beichtstull verbrannt ass an d'Uergel beschiedegt gouf. [2]

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Erléiserkierch zu Schengen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Gesetz iwwer d'Gestioun vun de reliéise Gebaier
  2. 2,0 2,1 Bingenheimer V., 2018. Überallriecht es nach Qualm Luxemburger Wort vum 11. Juli 2018, S. 26.
  3. Pfarrei und Pfarrkirche von Schengen am Luxemburger Wort vum 4. Februar 1947
  4. Zur Konsekration der neuen Pfarrkirche von Schengen am Luxemburger Wort vum 7. November 1950
  5. Die neue Pfarrkirche von Schengen ihrer Bestimmung übergeben am Luxemburger Wort vum 13. November 1950