Laurent Felten

lëtzebuergeschen Museker

De Laurent Felten, gebuer den 13. August 1976 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Organist an Cembalist.

Laurent Felten
De Laurent Felten op der Uergel an der Kierch zu Waldbriedemes
Gebuer 13. August 1976
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Organist, Cembalist

De Laurent Felten huet säi Museksstudium am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ugefaangen, an deem hien Éischt Präisser krut an de Fächer Uergel, Cembalo, Harmonie, Kontrapunkt, a Fug. 1996 krut hien de Prix Supérieur an Uergel mat Distinctioun an der Klass vum Alain Wirth.

Fir e weider Studium Studie goung hien an de Conservatoire royal vu Bréissel an der Uergelklass beim Jean Ferrard a beim Xavier Deprez wou de Laurent Felten den Éischte Präis mat Distinctioun an Uergel gemaach huet an dobäi Éischt Präisser an Harmonie, Kontrapunkt a Museksanalys.

Am Joer 1999 krut hie fir seng Verdénschter am Domän vun der Uergel den IKB-Jugendpreis. 2001 ass hie Laureat vum Prix Norbert Stelmes. 2002 schléisst e säi Studium am Bréisseler Conservatoire mat engem Prix Supérieur en orgue avec grande distinction of.

Hien huet Perfektiounscourse beim Jean Boyer, Gillian Weir, Lorenzo Ghielmi, Harald Vogel an Olivier Latry gemaach.

Vu 14 Joer un ass de Laurent Felten Organist an der Kierch um Zens. Dodernieft ass hie säit laangem ee vun den Organiste vun der Diddelenger Kierch. Zanter 2011 ass hien zousätzlech Organist zu Jonglënster.

Zanter September 2000 enseignéiert hien Uergel an der Diddelenger Museksschoul.

Hien ass zanter 2011 President vun der Associatioun Amis de l'Orgue - Luxembourg.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Laurent Felten – Biller, Videoen oder Audiodateien