D'Kierch zu Heeschdref ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Steesel–Walfer Sainte-Trinité, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Steesel gehéiert.

Kierch vun Heeschdref
Filialkierch vun Heeschdref (2011)

Filialkierch vun Heeschdref (2011)
Filialkierch vun Heeschdref (2011)
Uertschaft / Plaz Heeschdref
Par Steesel–Walfer
Sainte-Trinité
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Andreas
Konsekratioun 1908
Architekt(en) Paul Funck
Baujoer 1908
Koordinaten 49° 40’ 23.9’’ N
      06° 08’ 25.3’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Andreas, deem säi Fest den 30. November gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Donatus.

D'Kierch steet nieft der Schoul an der rue de la Forêt Verte, dem CR124.

Zur fréierer Par Steesel gehéiert ausser der Filialkierch vun Heeschdref och nach d'Parkierch vu Steesel.

Geschicht änneren

Zu Heeschdref gouf eng Kapell fir d'éischt am Joer 1570 schrëftlech ernimmt.

Well d'Kapell ze kleng war, ass am Ufank vum 20. Joerhonnert den Neibau vun enger méi grousser Kierch geplangt ginn. De Bernard Tonnar, deen an Amerika ausgewandert war, huet 1905 déi finanziell Mëttele fir den Neibau zur Verfügung gestallt.

D'Kierch ass dunn an de Joren 1906 bis 1908 no de Pläng vum Architekt Paul Funck gebaut ginn an den 20. Juli 1908 gouf se vum Dechen aus der Stad, dem Bernard Haal konsekréiert.

An den 1950er Jore krut d'Kierch nei Fënsteren. 1974 gouf se ënner der Leedung vum Architekt Carlo Warisse renovéiert woubäi och op d'Mathëllef vun de Kënschtler Ben Heyart a Pit Nicolas zeréckgegraff gouf.

Den neien Altor, deen aus engem massive Steeblock besteet, gouf den 13. Februar 1977 vum Bëschof Jean Hengen konsekréiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Heeschdref – Biller, Videoen oder Audiodateien