Par Steesel–Walfer Sainte-Trinité

D'Par Steesel–Walfer Sainte-Trinité ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Lëtzebuerg an ersetzt déi zwou fréier Pare Steesel a Walfer.

D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Steesel a Walfer.

Den Titel vun der Par ass la Très Sainte Trinité.

D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht. Zënter dem 12. Abrëll 2020 ass d'Kierch vu Walfer d'Parkierch.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Steinsel et Walferdange et sur l'érection de la paroisse « Steesel–Walfer Sainte-Trinité »