Kierch Eeselbuer
D'Kierch zu Eeselbuer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Clierf Saint-Benoît, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Klierf gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
![]() Filialkierch vun Eeselbuer (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Eeselbuer | |||
Par | Clierf Saint-Benoît | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Albinus | |||
Baujoer | 1858 | |||
Koordinaten | 50° 03’ 44.8’’ N 06° 00’ 04.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Albinus, deem säi Fest den 1. Mäerz gefeiert gëtt.
Se steet am nërdlechen Deel vun der Uertschaft an der rue de l'église.
Geschicht Änneren
Bis de 7. Mee 2017 war et eng Filialkierch vun der Par Klierf. Zur fréierer Par Klierf huet ausser der Kierch vun Eeselbuer och nach d'Loretokapell vu Klierf, dParkierch vu Klierf an d'Rochuskapell vu Reiler gehéiert.
De Chronogramm Änneren
Iwwer dem Kiercheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1858 duerstellt:
- ST ALBINO
- ESELBORNENSIUM
- LAETACONCORDIA
Biller Änneren
-
De Kierchtuerm vun Nordweste gesinn
-
Agank vun der Kierch
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Kierch Eeselbuer – Biller, Videoen oder Audiodateien |