Kierch Klierf

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Klierf ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Clierf Saint-Benoît, an zu der Gemeng Klierf gehéiert. Et ass och d'Parkierch vun där neier Par.

Kierch vu Klierf
D'Parkierch vu Klierf

D'Parkierch vu Klierf
D'Parkierch vu Klierf
Uertschaft / Plaz Klierf
Par Clierf
Saint-Benoît
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Cosmas
Hl. Damianus
Konsekratioun 1913
Architekt(en) J. F. Klomp
Baujoer 1912
Koordinaten 50° 3’ 19.3’’ N
      6° 1’ 42.6’’ O

Kierchen - Kapellen

D'Patréiner vun der Kierch sinn déi zwéin helleg Cosmas an Damianus, deenen hiert Fest de 26. September gefeiert gëtt.

Se steet an der Montée de l'église.

Den 22. November 2019 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht änneren

D'Kierch gouf tëscht 1910 an 1912 no Pläng vum däitsch-hollänneschen Architekt Johannes Franziskus Klomp (1865-1946) gebaut, deen och déi Klierfer Abtei entworf huet, déi genee déi selwecht Zäit gebaut gouf.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Klierf. Zur fréierer Par Klierf huet ausser der Parkierch vu Klierf och nach d'Loretokapell vu Klierf, d'Filialkierch vun Eeselbuer an d'Rochuskapell vu Reiler gehéiert.

Klacken änneren

D'Gelauts besteet aus 5 Klacken, déi an den Téin d' e' g' a' h' / ré3 mi3 sol3 la3 si3 lauden.

Am lénksen Tuerm hänken 2 Klacken: de Bourdon, deen 2012 vun der Géisserei Royal Eijsbouts zu Asten gegoss gouf an d'Vater-Unser Klack, déi 1985 vun der Géisserei Mabilon zu Saarburg gegoss gouf.

Am rietsen Tuerm hänken déi dräi klengst Klacken. Déi goufen 1879 vun der Metzer Klackegéisserei Goussel gegoss. Dernieft gëtt et nach en 12-stëmmegt Klackespill.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Klierf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).