Haupeschkierch zu Blaaschent
D'Haupeschkierch zu Blaaschent ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Miersch Saint-François am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Luerenzweiler gehéiert. Zur fréierer Par Blaaschent huet zanter 1844 ausser der Parkierch vu Blaaschent och nach d'Lukaskapell vun Eesebuer gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Blaaschent (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Blaaschent | |||
Par | Miersch Saint-François | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Haupert | |||
Konsekratioun | 1970 | |||
Architekt(en) | Jean Deitz | |||
Baujoer | 1. Kierch 1843 Neibau 1939 | |||
Koordinaten | 49° 42’ 14.3’’ N 06° 10’ 08.0’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.
Si steet am nërdlechen Deel vun der Uertschaft net wäit vum CR125. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Den 5. Mäerz 2021 gouf s'als Nationaalt Kulturierwe klasséiert.[1]
Geschicht
ännerenNodeem Blaaschent 1844 vun der Par Luerenzweiler ofgespléckt gouf ass et mat Eesebuer an Aasselscheier eng eege Par ginn. Bis dohi stoung am Duerf eng al Kapell, déi schonn 1570 ernimmt gouf.
D'Kierch, déi dem hellegen Haupert geweit ass, gouf 1843 gebaut. Den Tuerm ass eréischt 1860 derbäi komm. Déi dräi Barockaltär hunn aus der Ouljener Kierch gestaamt. D'Mëttelstéck vum Héichaltor mat Dréitabernakel gouf 1866 agebaut a koum aus dem Redemptoristeklouschter[2].
1935 gouf den Daach an de Plaffong vun der Kierch restauréiert an och den Tuerm gouf a Stand gesat[3][4].
Den 8. August 1938 mueres fréi huet e Feier d'Kierch vu Blaaschent komplett zerstéiert[5], soudatt eng nei huet misse gebaut ginn. Fir dësen Neibau ass den 19. Mäerz 1939 de Grondstee geluecht ginn.
D'Pläng ware vum Architekt Jean Deitz. De Bau, bei deem och e groussen Deel vu Steng a Material vun der zerstéierter Kierch recycléiert gouf, huet den Entreprener Tresch vu Miersch ausgefouert. Déi al Klacke konnten och nach benotzt ginn. Déi nei Kierch huet 303 000 Frang kascht, déi ouni Zouschoss vun der Gemeng oder dem Staat eleng duerch Spenden aus der Bevëlkerung finanzéiert goufen. Den 29. Oktober 1939 gouf déi nei Kierch vum Bëschof Philippe ageweit[6][7]. Fir déi eigentlech Konsekratioun vun der Kierch huet et awer, ë. a. wéinst dem Zweete Weltkrich, nach 30 Joer bis de 24. Mee 1970 gedauert bis se vum Bëschof Léon Lommel geweit konnt ginn[8].
Biller
änneren-
D'Kierch vu Weste gesinn
-
D'Kierch vun Nordoste gesinn
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Haupeschkierch zu Blaaschent – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Miersch op cathol.lu
- Websäit vum Parverband Miersch
- D'Fënstere vun der Kierch vu Blaaschent op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Kierch Blaaschent an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 23. Dezember 2024).
- ↑ Blascheid, Geschichte In: Ons Hémecht, 40. Jg., nº Heft 2 (01.06.1934), S.87
- ↑ GEMEINDERATSSITZUNG des Gemeinderates von Lorentzweiler vom 7. März. In: Escher Tageblatt, 1935. Jg., nº 60 (12.03.1935), S.3
- ↑ Gemeinde Lorentzweiler. Submission In: Escher Tageblatt, 1935. Jg., nº 191 (16.08.1935), S.10
- ↑ Lokalneuigkeiten In: Escher Tageblatt, 1938. Jg., nº 183 (09.08.1938), S.3
- ↑ 100 Jahre Pfarrgeschichte Blascheid-Eisenborn. In: Luxemburger Wort, 1939. Jg., nº 301&302 (28.10.1939), S.8
- ↑ Die Einweihung der Pfarrkirche von Blascheid-Eisenborn In: Luxemburger Wort, 1939. Jg., nº 304 (31.10.1939), S.5
- ↑ Kirchenkonsekration in Blascheid In: Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 146 (26.05.1970), S.9