D'Kierch zu Ouljen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Betzder gehéiert.

Kierch vun Ouljen
Parkierch vun Ouljen (2005)

Parkierch vun Ouljen (2005)
Parkierch vun Ouljen (2005)
Uertschaft / Plaz Ouljen
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Wendelin
Konsekratioun 1842
Architekt(en) Théodore Eberhard
Baujoer 1841
Koordinaten 49° 40’ 43.3’’ N
      06° 18’ 50.9’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Wendelin, deem säi Fest den 20. Oktober gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am südlechen Deel vun der Uertschaft an der Kierchestrooss (rue de l'église). Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht änneren

1808 ass Ouljen eng Filial vun der Par Roudemer ginn, virdru war et eng Filial vun der Par Betzder.

Déi haiteg Kierch ass tëscht 1838 an 1841 no de Pläng vum Architekt Théodore Eberhard am neoklassizistesche Stil gebaut ginn. 1842 ass se konsekréiert ginn.

1844 ass Ouljen eng eegestänneg Par ginn.

Am Joer 1934 ass d'Kierch ëmgebaut a renovéiert ginn.

Literatur änneren

  • Emile Donckel, Joseph Biwer: Festschrift zur Orgelweihe in Olingen, 1951, 23 S., St. Paulusdréckerei

Billergalerie änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Ouljen – Biller, Videoen oder Audiodateien