Rochuskierch zu Éinen

(Virugeleet vu(n) Kierch Éinen)
Kierch vun Éinen
Parkierch vun Éinen
Parkierch vun Éinen
Uertschaft / Plaz Éinen
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Rochus
Konsekratioun 19. August 1869
Architekt(en) Spaack
Baujoer 1826
Koordinaten 49° 36’ 04.9’’ N
      06° 23’ 12.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Rochuskierch vun Éinen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Wuermer gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Rochus, deem säi Fest de 16. August gefeiert gëtt. Zweete Patréiner ass den hellegen Antonius de Klausener.

Et ass déi eenzeg Kierch am Land mat engem ronne Kiercheraum. Se steet op der Kiercheplaz matzen am alen Duerfkär.

GeschichtÄnneren

An engem Dokument aus dem 12.Joerhonnert gëtt schonn eng Kierch zu "Inne" ernimmt. Bis 1826 war se eng Filial vu der Par Lenneng.

Den Tuerm mat de Schéissschaarten, duerch deen een an de Banneraum kënnt, staamt aus dem Mëttelalter. Déi historizistesch Kierch[1] selwer, eng vun deenen éischten an deem Stil zu Lëtzebuerg, ass 1826 gebaut ginn. D'Pläng goufe vum belschen Architekt Spaack gemaach, dee sech dofir vum Pantheon zu Roum inspiréiere gelooss huet.

An den Nischen iwwer den Altär si Molereie vum Gustave Zanter (1916-2002) aus de 1950er Joren. Iwwer dem Haaptaltor hänkt e Kruzifix aus dem Atelier Greeff vun Altwis (18. Joerhonnert).

Bannen an der Kierch si Statue vum hellegen Antonius den Einsiidler, vum hellegen Niklos, vum hellege Rochus a vum hellegen Urban. Bausse si gotesch Skulpturen ubruecht, déi vu fréiere Gebaier stamen.

KlackenÄnneren

Am Klackentuerm hänke 4 Klacken ënnert der Dispositioun d, h', a', fis'. Déi kleng Klack am Toun d staamt aus dem Mëttelalter. Déi aner dräi Klacke goufen am 19. Joerhonnert vu der Klackegéisserei Causard-Slegers vun Tellin gegoss.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Rochuskierch zu Éinen – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. M. Schmitt: Wegführer zu luxemburgischen Kirchen und Kapellen, S.129