De Kepler-22b ass een äerdänlechen extrasolare Planéit dee ronderëm de sonnenänleche Stär Kepler-22 kreest.

Gréissteverglach Kepler-22b (kënschtleresch fräi Duerstellung) mat Planéiten aus eisem Sonnesystem

Entdeckung änneren

De Planéit gouf mat Hëllef vum Kepler-Weltraumteleskop entdeckt. Dësen Teleskop zeechent Hellegkeetsschwankungen op, déi optrieden, wann e Planéit vun der Äerd aus gesinn, genee viru sengem Zentralstär laanschtzitt. Fir d'éischt gouf de Planéit schonn am Joer 2009 gesinn. Seng Entdeckung gouf awer eréischt de 5. Dezember 2011 no senger drëtter Observatioun, déi fir d'Bestätegung erfuerderlech war, geséchert, a publizéiert.[1]

Eegenschaften änneren

De Kepler-22b ëmkreest de sonnenänleche Stär Kepler-22, e G5-Stär, dee ronn 600 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass.[2][3] Fir en Ëmlaf brauch e ronn 290 Deeg.[4] En huet ongeféier den 2,4-fachen Duerchmiesser vun der Äerd, also zirka 30.500 km. De Planéit ass an der habitabler Zon, an där prinzipiell äerdänlech Temperaturen an d'Existenz vu Waasser a flësseger Form méiglech sinn. Iwwer d'Uewerfläch oder eng eventuell Atmosphär vum Planéit ass nach näischt bekannt. D'Duerchschnëttstemperatur ass op 22 °C geschat ginn.[5]

Et gëtt gehofft, beim nächsten Transit spektroskopesch Miessunge maachen ze kënnen.

Um Spaweck änneren

Commons: Kepler-22b – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. NASA's Kepler confirms its first planet in habitable zone of sun-like star Gearchiveerd op 2017-05-16. Gekuckt de(n) 2011-12-09.
  2. Kepler-22 exoplanet.eu, ofgeruff de 6. Dezember 2011
  3. Kepler-22b: Facts About Exoplanet in Habitable Zone
  4. spiegel.de, ofgeruff de 6. Dezember 2011.
  5. cosmopolite.org, ofgeruff den 30. August 2018.