Rochuskapell vu Reiler

kathoulesch Kapell
(Virugeleet vu(n) Kapell Reiler)

D'Rochuskapell zu Reiler ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Clierf Saint-Benoît, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Klierf gehéiert.

Kapell vu Reiler
Kapell vu Reiler (2014)

Kapell vu Reiler (2014)
Kapell vu Reiler (2014)
Uertschaft / Plaz Reiler
Par Klierf
Saint-Benoît
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Rochus
Koordinaten 50° 03’ 29.5’’ N
      06° 02’ 10.0’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Rochus, deem säi Fest de 16. August gefeiert gëtt.

D'Kapell steet an der Haaptstrooss, dem CR340.

Zur fréierer Par Klierf hunn ausser der Kapell vu Reiler och nach d'Dekanatskierch vu Klierf an d'Filialkierch vun Eeselbuer gehéiert.

Geschicht änneren

Reiler huet fréier zur Par Munzen gehéiert. 1803 koum et als Filial zur nei gegrënnter Par Klierf.

D'Originne vum Gebai ginn an de spéide Mëttelalter zeréck (14.-15. Joerhonnert). D'Grondgebai gouf am Laf vun de Joerhonnerten zweemol vergréissert. Eng Kéier gouf den Tuerm bäigebaut, eng aner Kéier de Chouer. D'Kapell gouf an de Joren 1953, 1975 a fir d'leschte Kéier 2001-2002 renovéiert.

Den Altor gouf 1760 vum Weihbëschof vu Léck konsekréiert. Den Tabernakel ass awer net grad sou al. Iwwer dem Altor steet an der Mëtt eng barock Statu vum Kierchepatréiner, dem hellege Rochus. An der mëttlerer Nisch vum Altor steet eng barock Madonnestatu.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rochuskapell vu Reiler – Biller, Videoen oder Audiodateien