Nikloskapell zu Héischdref
kathoulesch Kapell
(Virugeleet vu(n) Kapell Héischdref)
D'Nikloskapell zu Héischdref ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Reisduerf gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell zu Héischdref (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Héischdref | |||
Par | Par Dikrich Le Bon Pasteur | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hellegen Niklos | |||
Koordinaten | 49° 52’ 58.6’’ N 06° 15’ 27.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.
D'Kapell steet zu Héischdref nieft dem Kierfecht.
Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]
Zur fréierer Par Reisduerf gehéieren ausse der Kapell vun Héischdref och nach d'Parkierch vu Reisduerf, d'Antoniuskapell vu Reisduerf an d'Filialkierch vu Bigelbaach.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Nikloskapell zu Héischdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
-
Südostsäit vun der Kapell
-
Eng Fenster am Tuerm vun der Kapell