Kierch Bigelbaach
D'Kierch an der Bigelbaach ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Reisduerf gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kierch zu Bigelbaach (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Bigelbaach | |||
Par | Dikrich Le Bon Pasteur | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Lambert | |||
Koordinaten | 49° 51’ 37.0’’ N 06° 17’ 13.0’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Lambert, deem säi Fest den 18. September gefeiert gëtt.
D'Kierch steet zentral zu Bigelbaach op der Haaptstrooss, dem CR128A, deen do zu Enn ass.
Zur fréierer Par Reisduerf hunn ausser der Filialkierch vu Bigelbaach och nach d'Parkierch vu Reisduerf, d'Antoniuskapell vu Reisduerf an d'Nikloskapell zu Héischdref gehéiert.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kierch Bigelbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
-
D'Kierch vu Süden aus gesinn
-
Vue op Bigelbaach an op d'Kierch vum Kierfecht aus