Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: hei gi Saachen duerchernee gehäit


KDE ass eng fräi verfügbar, modern graphesch Benotzeruewerfläch mat villen Zousazprogramme fir den alldeegleche Gebrauch. KDE ass an éischter Linn fir Linux- an Unix-Aarbechtsstatiounen entwéckelt ginn a baséiert op der Graphikbibliothéik Qt vun der norwegescher Firma Trolltech.

  KDE
Entwéckler: KDE-Team
Lescht Versioun: 5.16 (6. März 2019)
Betribssystem: Linux, Unix
Kategorie: Desktop-Environment
Lizenz: GPL, LGPL
Websäit: www.kde.org

KDE ass en eenheetlech opgebauten, grapheschen Aarbechtsentourage, dee sech virun allem duerch Netzwierktransparenz, eng zäitgeméiss Aarbechtsphilosophie an en opfallende grapheschen Design auszeechent. KDE gëllt als eng flexibel Uewerfläch, déi dem Benotzer vill verschidden Astellungsméiglechkeete bitt, ugefaange bei der Optik bis hin zum Verhalen, fir se un déi perséinlech Bedierfnesser unzepassen. Mam Zil vollwäerteg, konsistent a liicht benotzbar ze sinn, ass KDE ze vergläiche mat den Uewerfläche vu Windows, Mac OS oder dem GNOME-Projet, déi all änlech Zilsetzunge mat liicht anere Prioritéite verfollegen.

Entwécklung änneren

D'Grondsteng fir de KDE-Projet sinn Enn Oktober 1996 geluecht ginn, wéi den Tübinger Informatik-Student Matthias Ettrich fir d'éischt Kéier Ziler vu KDE an enger Linux-Newsgroups ënner dem Titel New Project: Kool Desktop Environment (KDE) - Programmers wanted! beschriwwen a fräiwëlleg Mataarbechter gesicht huet. KDE sollt d'Feele vun enger einfacher benotzbarer a kamouder graphescher Benotzeruewerfläch fir Unix-Computere behiewen an de Windows-Wiessler op eng einfach Weis erlaben d'Méiglechkeete vun hirem neie Computersystem besser auszenotzen. An den éischten Entwerf waren eng Kontrollläischt, en einfache Fënster- an Dateimanager, e Mail-Programm, en Texteditor, eng Shell an en Hëllefssystem geplangt.

 
KDE 1.0

KDE 1.0 gouf den 12. Juli 1998 verëffentlecht an hat scho méi gebueden, wéi am Ufank virgesi war. Sou ass zum Beispill aus dem einfachen Dateimanager de K File Manager (Kfm) ginn, deen och als Webbrowser a FTP-Client gedéngt huet. Scho séier ass KDE an d'Kritik komm, well déi onfräi Qt-Bibliothéik vu KDE benotzt gouf. Zwéin nei Projete sinn entstanen, Harmony, e fräie vollkompatibelen Ersatz fir Qt a GNOME, en neie ganz fräien Desktop-System. Dat selwecht Joer am November grënne schliisslech Trolltech a KDE d'KDE Free Qt Foundation fir eng dauerhaft Verfügbarkeet vum Qt-Toolkit zur Entwécklung vu fräier Software ze garantéieren. Als Konsequenz huet een de Projet Harmony opginn, wärend GNOME erfollegräich weiderentwéckelt gouf.

De groussen Duerchbroch koum mat KDE 2.0, verëffentlecht den 23. Oktober 2000. An dëser Versioun gouf KDE komplett iwwerschafft, wat virun allem zu der Perfektioun, souwuel an der Optik, wéi och an der Funktionalitéit bäigedroen huet. Vill Lächer vun den éischte Programmskizze goufen opgefëllt. Am Beräich vun de KDE-Uwennungen hu virun allem Konqueror, den neie KDE-Dateimanager, Datei-Betruechter, Webbrowser an FTP-Client, alles an engem integréiert a KOffice, den éischten Usaz vun enger kompletter Büroléisung mat Textveraarbechtung, Tabellekalkulatioun, Präsentatiouns- a Vektorzeecheprogramm, ervirgestach.

KDE 3.0 gouf den 3. Abrëll 2002 verëffentlecht.

KDE 4.0 koum den 11. Januar 2008 eraus.

Wichteg Kennzeeche vu KDE änneren

  • Eng Kontrollläischt, déi fir d'Starte vun Uwennungen a fir d'Ëmschalten tëscht den Aarbechtsfläche déngt.
  • Eng Programmläischt bannent der Kontrollläischt.
  • Den Desktop, op deem heefeg benotzten Dateien an Dossieren ofgeluecht kënne ginn.
  • De Konqueror, zentralen Dateimanager, Browser a Client vun enger Rei vu Protokollen.
  • De KDE-Kontrollzenter déngt der Administratioun vun de KDE-Astellungen, wéi zum Beispill vum Design vun der Uewerfläch oder der Sproochenastellung.
  • KDE gëtt et a ville Sproochen, dorënner gëtt och un enger Iwwersetzung a Lëtzebuerger Sprooch geschafft.
 
De Konqi, Maskottche vu KDE

E puer KDE-Programmen änneren

  • K3b - CD an DVD Brennsoftware
  • Kate - Texteditor
  • KDevelop - integréiert Entwécklungsemgéigend mat Ënnerstetzung fir vill Programméiersproochen
  • KMail - Email-Client
  • KOffice - Office-Suite vu KDE
  • Konsole - Terminal-Emulator
  • Konqueror - Dateimanager, Webbrowser an Dateibetruechter
  • KWrite - einfachen Texteditor

KDE an d'Wikipedia änneren

Den 23. Juni 2005 um Linuxtag zu Karlsruhe gouf bekannt, datt KDE an d'Wikimedia-Fondatioun eng Kooperatioun ustriewen. Geplangt ass Contenu vu Wikimedia-Projeten iwwer eng Web-Service-Schnëttstell fir KDE-Programmer unzebidden.

Literatur änneren

  • Thomas Diehl: KDE 2. Die grafische Benutzeroberfläche für Linux. Deutscher Taschenbuch Verlag, 2000.

Um Spaweck änneren

Commons: KDE – Biller, Videoen oder Audiodateien