Käschtebam bei Branebuerg

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

De Käschtebam bei Branebuerg ass e Wëlle Käschtebam (Aesculus hippocastanum, (fr)marronnier commun, (de)Gewöhnliche Rosskastanie) dee bei Branebuerg an der Gemeng Tandel steet an zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

Käschtebam bei Branebuerg
De Käschtebam am Februar 2024
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Tandel
Plaz Branebuerg
Adress Heedebierg, Weschterbaach
Koordinaten 49°54'39,67"N, 6°9'6,19"O
Bamaart Wëlle Käschtebam
Héicht 15,5 m (2023)
Duerchmiesser 1,19 m (2023)
Ëmfang 3,74 m (2023)
Käschtebam bei Branebuerg (Lëtzebuerg)
Käschtebam bei Branebuerg
Käschtebam bei Branebuerg
Lag vum bemierkenswäerte Bam

Lokalisatioun änneren

De Bam steet am Flouer Heedebierg / Weschterbaach, ëstlech vu Branebuerg an der Sektioun Baastenduerf vun der Gemeng Tandel. Et gesäit een de Bam wann ee vu Baastenduerf aus iwwer den CR352 a Richtung Groestee fiert, ronn 2,5 km nom Enn vum Duerf, lénkssäiteg vun der Strooss.

Geschicht änneren

De Käschtebam deen isoléiert an der Landschaft steet huet weeder en aussergewéinlechen Alter, Ëmfang oder Héicht, nach eng speziell Form oder eng extra Kroun. Et ass e klassesche Wëlle Käschtebam deen eleng an als Unhaltspunkt an der Landschaft steet.

Ëm 2023 konnt gesi ginn, datt e Bam net méi an engem ganz gudden Zoustand ass, well en décken Aascht ofgebrach ass an doduerch Waasser an de Bam andréngt.

Et ass net genee gewosst wéi al de Bam ass, e gouf awer warscheinlech um Enn vum 19. Joerhonnert geplanzt, wéi d'Weekräiz ënnert dem Bam opgeriicht gouf.

Am Rampli nieft dem Bam goufen am Zweete Weltkrich Läiche vun däitschen Zaldote provisoresch do begruewen, ier se dunn nom Krich definitiv op enger anerer Plaz bäigesat goufen.

Nieft dem Bam erënnert och nach e Gedenksteen un de Weckerings Mett, deen de 17. Mäerz 1945 op der Strooss duerch Tellerminnen ëmkoum.

Entwécklung änneren

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer      
2000 3,33 1,06 15,0
2023 3,74 1,19 15,5

Biller änneren

 
D'Weekräiz…
 
an d'Gedenkplack ënnert dem Bam

Literatur änneren

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 38-39, Foto an Text)
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 142-143, Foto an Text)
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print.

Um Spaweck änneren

Commons: Käschtebam bei Branebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur